Inneminister confirméiertGestioun vu Vermësstemeldung hei am Land gëtt analyséiert

RTL Lëtzebuerg
Offiziellen Zuelen no gëllen aktuell eng 200 Leit am Grand-Duché als vermësst.
D'Silhouette vun enger Persoun.
D'Silhouette vun enger Persoun.
© south_nostalgia on Envato

D'Kriticke vun enger anonymmer Source aus der Police iwwert d'Gestioun vun de Vermësstemeldung an engem Reportage op RTL kréien e Suivi. Wéi den Inneminister Léon Gloden an enger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der Piratepartei matdeelt, huet d'Inspection générale de la Police eng administrativ Enquête opgemaach, fir d'Prozedur vun de Vermësstemeldunge bei der Police z'analyséieren.

D'Persoun hat RTL géintiwwer kritiséiert, d'Saache géife am Sand verlafen, well d'Police net déi néideg Moyenen hätt, eng richteg Enquête ze maachen. Den CSV- Minister widdersprécht allerdéngs der Duerstellung, et géif keng zentraliséiert Ulafplaz. De Suivi vun de Vermësstemeldunge wier scho méi laang um Niveau vun enger Sektioun am Departement vun der "criminalité contre les persones" bei der Police judiciaire zentraliséiert. Den Ament sinn iwwregens net manner wéi ronn 200 Persounen als vermësst gemellt.


Weider Sujeten zum Thema

Back to Top
CIM LOGO