D'Land steet virun enger wichteger Tripartite an d'Erausfuerderunge si grouss. Inflatioun, Kafkraaft, Wunnengskris, sozial Stëmmung: Wéi geet et dem Grand-Duché wierklech? Wéi eng Jalone mussen dréngend gesat ginn? A wou mussen d'Lëtzebuerger eventuell léieren, Waasser an hire Wäin ze schëdden?
Doriwwer schwätze mer dëse Samschdeg an eiser Emissioun Background.
Invitéiert sinn:
Corinne Cahen, Deputéiert an Co-Vizeparteipresidentin vun der DP
Alexandra Schoos, Deputéiert a Presidentin vun der ADR
Sam Tanson, Deputéiert vun déi gréng
Laurent Zeimet, CSV-Fraktiounschef an Deputéierte vun der CSV
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen " Background " wielen.