Sponsored ContentDe Familljebetrib Meyers start nei duerch

RTL Lëtzebuerg

Nom Verkaf vun nettoservice raschten d'Mireille Schroeder-Meyers an hire Brudder Roland Meyers nach net. Am Géigendeel, si begleeden dem Mireille seng Jongen, de Steve an de Chris Schroeder, bei hiren anere Betriber: meyPro, aktiv am Verkaf vu Botzmëttelen an Equipementer, an nr docusafe, spezialiséiert op d'Archivéierung an d'Zerstéierung vu vertraulechen Dokumenter.

Schrëtt fir Schrëtt

„Elo ass déi richteg Zäit fir eis, déi nei Generatioun méi enk ze begleeden. Meng zwee Jonge kennen d'Familljebetriber zënter hirer Kandheet a kennen also och d'Spezifizitéite vun de Beruffer. Et war eis wichteg, se Schrëtt fir Schrëtt op d'Ufuerderunge vun der operationeller Gestioun virzebereeden. Wärend Sie d'Gestioun iwwerholl hunn, war et hinne wichteg, d'Mataarbechter an hirem Alldag ze begleeden, fir d'Erausfuerderunge vun de Mataarbechter selwer kennen ze léieren. Si hunn eis hir Motivatioun a Féierungsqualitéiten a schwierege Situatioune misse beweisen, well e Betrib eng grouss Verantwortung ass an net all Dag einfach ass”, seet d'Mireille Schroeder-Meyers.

Eng Erfollegsgeschicht vu bal 60 Joer

„Am Joer 1964 huet eise Papp Firma Ed. Meyers & Cie Sarl gegrënnt. D'Firma ass lues a lues gewuess an huet sech diversifizéiert. Haut ass d'Firma bekannt ënner dem kommerziellen Numm meyPro. Duerno hu mir 1995 d'Firma netto-recycling  gegrënnt. D'Maartentwécklungen  huet  eis motivéiert och den Numm vun netto-recycling ze änneren. D'Firma schafft elo ënnert dem Numm nr docusafe. Déi zwee Betriber beschäftegen elo 30 Leit. Eist Zil ass et, d'Firme laangfristeg weider ze entwéckelen, wat eis, wéinst der familiärer Atmosphär an der Ënnerstëtzung vun eise laangjärege Mataarbechter vill Spaass mëscht. Mir plangen och e puer Ëmännerungen un eise Gebaier”, sou de Roland Meyers weider.

Iddieräich

„Et ass net eréischt viru kuerzem datt mir d'Gestioun vun deenen zwou Firmen iwwerholl hunn. Mir si frou, datt d'Mireille an de Roland eis weider mat hirer wäertvoller Erfarung ënnerstëtzen”, soen de Steve (32) an de Chris Schroeder (29). De Chris ass zënter 2018 de Managing Director vu meyPro. Wärend dëser Zäit huet hien de Betrib moderniséiert an digitaliséiert. Hien huet och viru kuerzem de Label „Fournisseur de la Cour” kritt, op deen hie ganz houfreg ass. De Steve, zënter Oktober 2018 Managing Director vun nr docusafe, huet eng nei an ugepasste Visioun un d'Ufuerderunge vum Maart ëmgesat. Mat senger Begeeschterung bréngt hien eng nei Dynamik an d'Firma. Am Moment ass hie ganz fokusséiert op d'Digitaliséierung vun den Operatiounen, a plangt eng nei Software am Mäerz 2023 a Betrib ze huelen.

Spueren hannerloossen

„De Steve an de Chris hunn eis bei e puer Geleeënheete bewisen, datt si duerch an duerch Entrepreneure sinn. Sie hunn keng Angscht virun Erausfuerderungen a kommen ëmmer mat neie Virschléi an Iddien. De Fokus vun eisem Geschäft ass keng Spueren ze hannerloossen, awer et gëtt keen Zweiwel, datt si déi zwee Betriber weider wäerte féieren, a firwat net och duerno un hir Kanner weiderginn”, schléissen d'Mireille an de Roland of.

De Grupp Meyers

De Grupp besteet aus 2 Betriber an ass an der Industriezon  Breedewues um Sennengerbierg, no beim Fluchhafen, der Autobunn an der Stad Lëtzebuerg. D'Gebaier hunn eng Ausstellungsfläch, Lagerflächen an e Reparaturatelier.

meyPro

meyPro ass de kommerziellen Numm vun der Firma Ed. Meyers & Cie Sàrl. D'Firma gouf 1964 gegrënnt a gëtt elo vum Chris Schroeder geleet. D'Firma ass spezialiséiert op d'Representatioun an de Verkaf vu Produkter, Accessoiren a Maschinnen am Beräich vum industriellen an privatem Botzen (Botzmëttelen, Toilettëpabeier, Handpabeier, Pabeier fir d'Industrie, klengt Botzequipement, Spender, Dreckskëschten, Biischten, Botzmaschinnen, Staubsauger, Scheuersaugmaschinnen an Roboter, Botzweenercher, etc.). Sie bidden och d'Reparatur a kuerz oder laangfristeg Locatioun vu Botzmaschinnen un.

www.meypro.lu

  • Aktivitéitsfeld: Verkaf vu Botzmëttelen an Equipement.
  • Joer vun der Grënnung: 1964
  • Unzuel u Mataarbechter: 10
  • Fournisseur de la Cour.

nr dokusafe

Den nr docusafe schafft zënter 1995 an der Zerstéierung vun Pabeier, Festplacken, Disketten, Magnéitbänner, Kaarten, Videokassetten, Mikrofilm, asw. D'Firma gëtt zënter 2018 vum Steve Schroeder geleet an ass PSF zertifiéiert (Certificat Professionell du Secteur Financier).

nr docusafe konzentréiert sech och op d'Archivéierung an d'aktiv Gestioun vun Dokumenter asw.

Aktivitéitsfeld:

  • Zerstéierung vu vertraulechen Dokumenter (inklusiv Zerstéierungs Zertifikat)
  • Zerstéierung vu Computer Equipementer (inklusiv Zerstéierungs Zertifikat)
  • Locatioun vu gesécherte Sécherheetsbehälteren
  • Archivéieren op Regaler oder op Paletten
  • Offallentsuergung (inklusiv Verwäertungszertifikat)
  • Aner Servicer op Ufro

www.nrdocusafe.lu

Joer vun der Grënnung: 1995
Unzuel u Mataarbechter: 18
Back to Top
CIM LOGO