
De Lëtzebuerger Staat war Zil vu Phishing. D'Cellule, déi de Risk vu Cyberattacken evaluéiert, hat e Freideg am Nomëtteg eng Reunioun fir den Impakt vun deem Incident z'analyséieren. Dee geet op de Moien vum 23. Juni, also de Moien vun Nationalfeierdag zeréck.
Et geet ëm Spearphishing, wou den Ugräifer säi Message personaliséiert fir beim Affer, enger Persoun oder enger Organisatioun méi credibel eriwwerzekommen, fir sensibel Donnéeën ze kréien. An dësem Fäll wären Aarbechtsplaze beim Staat viséiert gewiescht, wat den Informatiounssystem vun der Regierung beaflosst huet, esou d'CERC.
Wéini erausfonnt gouf, dass et sech ëm eng Phishing-Attack handelt, steet net am Communiqué vun der Cellule. Ma vun deem Ament un, wou d'Gefor erkannt gi war, hätt ee präventiv Mesuren ëmgesat. Stand haut wär kee gréisseren Impakt op d'Utilisateure festgestallt ginn. Déi zoustänneg Servicer géifen hir Aarbecht an Analysen weidermaachen.
Wann néideg géifen zousätzlech Virsiichtsmoossnamen ergraff ginn, esou d'Cellule d'évaluatioun du risque cyber, an der vill Entitéiten zesummeschaffen, fir se net all ze nennen: den Haut Commissariat a la protectioun nationale, d'CSSF, d'Police, de Geheimdéngscht an eng Rëtsch Ministèren.