Wéi gesäit et aus am Parc Merveilleux zu Beetebuerg aus, wou vill verschidden Déiere liewen, mat ganz ënnerschiddleche Bedürfnisser? Op wat muss do opgepasst ginn?
Schiet, Waasser, keng prall Sonn, dat gëllt och fir d'Déieren am Beetebuerger Park, egal ob hir Originnen europäesch, südamerikanesch, asiatesch, oder afrikanesch sinn. Grad d'rout Pandaen, déi aus dem Himalaya kommen, di sech an der Hëtzt schwéier. De Wanter géing hinne besser doen. Si hechelen, si manner aktiv, zanter enger Woch gëtt hiren zouene Raum ofgekillt, esou de Guy Willems, Veterinaire a Curateur am Park. "Bis elo ware si nach net eran, säit d'Klima un ass. Virdru ware si eran."
Eng Partie Déieren aus Südamerika ewéi de Lama oder de Capybara hu mat der Canicule manner Probleemer, mee och do ginn et Ënnerscheeder: D'Alpakae liewen am Peru an de Bierger, wou et méi kill ass ewéi hei aktuell. "Mëttes fänke mir un, da kréie si eng hallef Stonn Dusch, eng hallef Stonn keng Dusch, eng hallef Stonn Dusch, an dat bis 18 Auer."
Eng Zort Déier, déi besonnesch och ënnert der Canicule leiden, sinn d'Pinguinen aus Argentinien. Un der südamerikanescher Küst si si méi niddreg Temperature gewinnt. Dowéinst ginn d'Steng an d'Hielechten am Geheege mat Waasser ofgekillt. D'Mierwaasser an hirem natierleche Liewensraum reguléiert sech duerch d'Welle vum selwen, beim Séisswaasser am Geheege wier dat eng aner Saach, erkläert de Guy Willems.
Et géingen net esou vill Déieren am Parc Merveilleux ginn, déi empfindlech vis-à-vis vun der Hëtzt sinn. Mee och déi, ewéi d'Lemuren aus Madagaskar, gi mat gefruerenem Uebst a Geméis verwinnt, obschonns si d'Hëtzt gewinnt sinn.
Mam Klimawandel misst sech ëmmer erëm un d'Bedürfnisser vun den Déieren ugepasst ginn. De Guy Willems nennt d'Beispill vum Loro Park op Teneriffa, do gi Keeserpinguine gehalen.
"Déi sinn an engem groussen Tifküler, an déi bleiwen dann dodran. D'Leit gi selwer mat duerch eng Fënster den Tifküler kucken. Dat heescht, mir mussen da richteg upassen, grouss klimatiséiert Geheege ariichten. Dat gëtt deier.... Wa mir esou Déiere wëllen halen, da musse mir eis och ariichten."