
Zu engem méi ongewéinleche Virfall koum et e Samschdeg am Nomëtteg um Camping zu Bollendorf, also direkt hannert der Grenz op der däitscher Säit. Wéinst engem Fuerfeeler vun enger Automobilistin war si net um Wee bliwwen, ma an d'Sauer geroden. D'Fra wéi och hiren Hond konnte sech onverletzt aus dem Gefier retten an un d'Ufer schwammen.
Persounen, déi op der Plaz waren respektiv an der Ëmgéigend wunnen, konnten d'Gefier, dat schonn e bësse vum Waasser matgerappt gi war, mat Hëllef vu Seeler, speziellem Equipement an engem Trakter aus dem Floss zéien.
D'Police vu Bitburg wéi och d'Pompjeeë vu Bollenduerf, Ferschweiler an eng Ekipp aus dem Grand-Duché waren am Asaz.