
Géint 6:50 Auer ass an der Route de Mondorf zu Réimech een Trakter verongléckt. Wärend am Bulletin vum 112 vun engem Blesséierte rieds geet, schreift d’Police an hirem Bulletin, datt de Chauffer vum Trakter gestuerwen ass.
De 67 Joer ale Mann hätt warscheinlech d’Kontroll iwwert säi Gefier verluer, well en e Malaise hat. En ass du mat sengem Trakter an een Auto gerannt, dee laanscht d’Strooss stoung, iwwert ee Sécherheetspotteau gefuer an dunn an eng Mauer geknuppt. Hie gouf vun de Membere vum CGDIS aus der Kabinn vum Trakter geholl, op der Plaz reaniméiert an an d’Spidol bruecht, wou en awer méi spéit verscheet ass.
Ëm kuerz virun 9 Auer gouf et zu Waasserbëlleg an der Grand-Rue dann nach ee Vegetatiounsbrand. Hei gouf kee blesséiert, wéi de CGDIS matdeelt.