
D'Police huet op Uerder vum Parquet e Freideg den Owend respektiv an der Nuecht op e Samschdeg Alkoholkontrolle gemaach, dat an der Stad, zu Beetebuerg an zu Éilereng an der Gemeng Suessem hunn am Ganze 701 Automobiliste musse blosen. Dräi Permise goufen op der Plaz agezunn. Et goufen awer wesentlech méi Avertissements taxés (9) a Procès-verbaux (11) geschriwwen. Da gouf et der awer och nach wéinst techneschen Défauten un de Gefierer (4), well d'Pabeieren net an der Rei waren (10) oder well de Permis vum Chauffer net aktuell war (1) respektiv e Fuerverbuet virlouch (1).