Sponsored ContentDe Pleséier, säin eegent Brout ze baken

RTL Lëtzebuerg

Mat der aktueller Situatioun profitéiere mir vill vun eisen Haiser a vun eise Kichen a säin eegent Brout ze baken, ass och scho quasi e Ritual ginn. Fir déi eng Famillen ass dat en alldeegleche Geste, e spezielle Moment fir munch anerer.

Un Inspiratioun feelt et och net, well schonn alleng op de soziale Medie fënnt ee Rezepter wéi Sand um Mier. Vum traditionelle Brout, iwwert e rustikaalt Brout aus Sauerdeeg, bis op e Pesto-Brout, e Brout aus enger Bakform oder Spirulina-Brout, et ginn eng sëllechen Iddien.

De Genoss ass de Kär vun all Rezept, ma d’Technik däerf net vergiess ginn. D’Method ass kruzial an déi richteg Gesten zielen, fir datt e Brout engem och geléngt.

Fir e gutt lëftegt Wäisst vum Brout an eng knausereg Kuuscht ze kréien, brauch ee Gedold, gekonnte Gesten, déi richteg Temperatur vum Deeg (25°C) an och qualitativ Ingredienten. A wann ee vun Ingrediente schwätzt, da läit d'Prioritéit ganz kloer beim Miel, dem Basisproduit vun all Brout.

D’Wiel an d’Auswiel vum Miel, also dat, wat de Succès vun Ärem Rezept garantéiert, ass vu grousser Bedeitung.

Hautdesdaags fënnt en eng ganz Panoplie u Miel fir ze baken. Fir de richtege Choix ze maachen, ass net ëmmer einfach. Hei sinn e puer Tuyauen:

  • Fir e Wäissbrout sollt Dir e Miel vum Typ 55 wielen a fir e “grot” Brout Vollkarmiel.
  • Passt op d’Proteinen op, vun 12g un hutt Dir genuch Elastizitéit, datt dat Wäisst vum Brout lëfteg gëtt.
  • Huelt e lokaalt Miel, wou Dir och wësst, vu wou et hierkënnt.

Fir an dës Richtung ze goen a lokal ze konsomméieren, huet déi Lëtzebuerger Mark LE MOULIN viru kuerzem eng breet Palette vu verschiddenem Miel aus de Weessefelder vu Lëtzebuerg entwéckelt.

Et gëtt e Miel vum Typ 55, en Dinkelmiel fir déi, déi eng Alternativ fir Miel aus Weess sichen an och eng “COUNTRY BREAD”-Versioun, déi aus Käre besteet. Sou kënnt Dir all Dag en anert Brout genéissen, dat an alle méigleche Variatiounen.

Back to Top
CIM LOGO