
Mir haten all geduecht si wier verschwonnen. No 10, méi rouege Joren, ass se nees do, zënter dem Ufank vum Joer 2022, ouni Virwarnung, si huet jiddereen iwwerrascht. D’Inflatioun ! Asi ass anscheinend do fir ze bleiwen. Wat sinn d’Ursaache firwat se zeréck koum. Wat sinn d’Konsequenzen op är Kafkraaft, äert Spuerbuch an är Investissementer?
Et schwätzt ee vun Inflatioun wann et eng generell Hausse vu de Präisser gëtt, déi eng Rei vu Produiten a Servicer betrefft an dat iwwert eng gewëssen Zäit eraus. D’Geld verléiert u Wäert an dir kaaft, fir déi selwecht Zomm, manner wéi virdrun. E Beispill: E Wuerekuerf huet am Juli 2021, 100€ kascht. Am Juli 2022, louch d’Inflatioun zu Lëtzebuerg, dem Eurostat no, bei 9,3%. Dee selwechte Wuerekuerf kascht also elo, ee Joer duerno, net méi 100€, mä 109,30€. D’Inflatioun ass e Phenomen deen d’ganzt Welt betrëfft, mä haaptsächlech den amerikaneschen an europäesche Kontinent. Am Juli dëst Joer louch se bei 9,8% an Europa, bei 9,1% an den USA a bei 10,1% a Groussbritannien.
Dës Déierescht huet e puer Ursaachen. Déi wirtschaftlech Reprise no 2 Joer Lock-down ass eng éischt Ursaach. An de Joren 2020 an 2021 hunn d’Stéit, also mir alleguerten, net vill Suen ausginn an deemno vill konnten op d’Säit leeën. Elo wou de Lock-down an d‘Pandemie esou ze soen eriwwer sinn, huele mir déi Zäit no an d’Demande fir ze consomméieren explodéiert. Mä leider ass d’Offer der héijer Demande net nokomm. Vill vun de Betriber/Industrien/Servicer déi méi lues getrëppelt sinn, hu Krämpes nees unzekommen. Och de Rekrutement vun de Leit ass schwiereg, vill Personal huet sech wärend der Pandemie ofgemellt an ass no der Pandemie net méi zeréckkomm an en aneren Beruff gewielt. Déi ongläich Situatioun tëschent enger héijer Demande an enger méi schwaacher Offer, huet de Präis vu ville Wueren a Servicer an d’Luucht gedriwwen.
Dëst alles sollt awer nëmme kuerzfristeg sinn, mä zwee weider Evenementer sinn nach dobäi komm an hunn d’Situatioun nach verschlëmmert : den Iwwerfall vu Russland op d’Ukrain an en neie Lock-down a China. Russland an d’Ukrain si wichteg Produktiounslänner, engersäits fir de Gas an de Pëtrol, dat ass Russland an anerersäits d’Ukrain, déi vill landwirtschaftlech Produiten exportéiert. Dat alles zesummen hat e staarken Impakt op d’Präisser vun de Produiten an op hir Niewekäschten. An den neie Lock-down a China, wéinst enger neier Hausse vun de Covid-Infektiounen, huet d’Saach nach emol verschäerft. Dass déi zweet Ekonomie op der Welt esou hir Dieren zougemaach huet, hat natierlech direkt Konsequenzen op déi wirtschaftlech Produktioun, op den Handel an d’Logistik weltwäit. Op ville Plaze sinn d’Liwwerketten zesummegebrach an den Handel ass an Labrennte komm.
D’Inflatioun, zemol wann se esou héich ass wéi elo, ass ni eng gutt Nouvelle fir äre Portmonni. Och wann déi Lëtzebuerger Regierung, zesumme mat de Sozialpartner, eng Rei Mesure geholl huet, wäert dach awer är Kafkraaft an den nächste Méint schwéier leiden a falen. Och äert Spuerbuch, scho schlecht virun der Pandemie, wäert sech net erhuelen. D’Inflatioun ass méi héich wéi d’Spuerzënsen, sou dass dir op ärem Spuerbuch Sue verléiert. De Montant geet net esou séier erof, mä seng Valeur op alle Fall.
Wat muss een elo maache fir dëser Situatioun entgéint ze wierken? Wann dir all d’Eeër an dee selwechte Kuerf geluecht hutt, dat heescht haaptsächlech a Spuerproduiten investéiert hutt, da gëtt et elo Zäit fir äre Portefeuille ze diversifiéieren an un Investmentproduiten ze denken. Sécher ass eng Kapitalpert ëmmer méiglech well verschidde Placementer méi risikoräich si wéi anerer. Alles hänkt dovunner of wéi wäit dir a Saache Risiko goe wëllt. A Krisemomenter soll ee awer déi allgemeng Orientatioun vu senge Placementer net op ee Coup changéieren. Et ass oft schonn ze spéit oder geet een de Risiko an, bei der Reprise iergendwann, net vun der Hausse profitéieren ze kënnen.
Seng Finanzen an esou Krisenzäiten ze verwalten, ass net einfach. Dat bescht ass dir schwätzt mat ärem Banquier an dir kuckt zesumme wat ee ka maachen, ärer perséinlecher Situatioun entspriechend.
Dir wëllt wësse wéi mir Iech kënnen, an ären Investissementer, hëllefen?
Da gitt op www.ing.lu/services