Eng Persoun festgeholl27 Joer ale Mann dout an Haus zu Märel fonnt

RTL Lëtzebuerg
Zu Märel gouf e Sonndeg den Owend d'Läich vun engem 27 Joer ale Mann fonnt.
© Laurent Weber

E Sonndeg den Owend gouf an engem Eefamilljenhaus zu Märel eng Persoun mat enger Stéchwaff ugegraff. D'Läich vum Affer, engem 27 Joer ale Mann, gouf am Haus fonnt. Wéi de Parquet e Méindeg matgedeelt huet, wier de presuméierten Täter, e Mann, deen och 27 Joer al ass, an deem Kontext festgeholl ginn.

De Parquet huet d'Police judiciaire mat den Ermëttlunge beoptraagt. Den Untersuchungsriichter huet ee Geriichtsmedezinner ugefrot an e Mandat d'arrêt géint de presuméierten Täter erlooss. D'Ermëttlunge lafen. Aktuell géing et nach kee konkreten Zesummenhang tëscht dem Affer an dem presuméierten Täter ginn.

Wéi bei all Enquête gëllt och an dësem Fall d'Présomption d'innocence, bis en Urteel vum Geriicht gesprach gouf.

Schreiwes vum Parquet

Back to Top
CIM LOGO