No Brand a Grondschoul15 Panini-Albumen ewechgeheit, esou kënnt Dir hëllefen

RTL Lëtzebuerg
Wien de Lënster Schoulkanner eng Hand beim Sammele wëllt upaken, dee ka seng Stickere stëften.
© RTL

"Wärend mengem Gespréich mat der Responsabeler vun der Maison Relais zielt ee Schüler enttäuscht, datt hie wéinst der Dampkontaminatioun och säi Panini-Stickeralbum fir d'Futtball-WM huet missen ewechgeheien."

Et war dëse Saz um Wupp vum RTL-Journalist Bakir Demic sengem Artikel, dee vill Leit beschäftegt huet.

E Mëttwoch, de 17. Juni hat et moies zu Jonglënster an der Grondschoul gebrannt. Den Dag drop war de Bakir op der Plaz, fir sech e Bild vun de Schied ze maachen. D'Feier war jo op enger Jongentoilette ugaangen, den Damp dovun hat sech dunn op e sëllege Plazen am Gebai verdeelt, wat e gréissen Impakt hat – net nëmmen op d'Schoulorganisatioun, mee och op d'Saachen, déi an de betraffene Schoulsäll louchen.

Well se vum Damp kontaminéiert gi waren, hu se ewechgeheit musse ginn, dat huet de Lënster Buergermeeschter Ben Ries der RTL-Journalistin Michèle Sinner e Méindeg de Moien, den 29. Juni, nach emol confirméiert. Aktuell geet ee vun engem Schued vun 350.000 Euro aus.

Zu deene Saachen, déi nom Brand hu musse liquidéiert ginn, gehéiert eeben och den Album mat Panini-Stickeren, deem säi Verloscht de Schüler am Gespréich mam Bakir Demic esou bedauert hat.

A genee dat Bedaueren huet dann och Matleed erreegt. Eng RTL-Userin huet nämlech doropshin der Redaktioun eng Iddi un d'Häerz geluecht: "Ech hu gelies, dass duerch de Brand an der Schoul zu Jonglënster e Schüler säi Panini-Album huet missen ewechgeheien. Kéint ee keng Aktioun starten, fir dass Leit hir duebel Stickere fir de Jong spenden? Ech hunn en ettlech Duebeler a wier direkt derbäi."

Well d'Iddi och soss nach op Plaze bannent a baussent RTL opkomm ass, hu mir nogefrot bei der Schoul zu Lënster a sinn op oppen Ouere getraff: 15 Panini-Albumen hätte bis elo missen ewechgeheit ginn ... an all Hëllef wier wëllkomm. Dofir: Wien de Kanner aus der Lënster Grondschoul wëll hëllefen, hir nei Albume mat Panini-Stickere voll ze kréien, dee kann déi Stickeren, déi en net méi brauch, gäre spenden a schécken un:

Lënster Schoul
20-22, rue du Village
L-6140 Junglinster

Am beschten net ze laang waarden, well d'Schouljoer ass jo geschwënn eriwwer (15. Juli).

RTL steet a Kontakt mat der Lënster Schoul, bei Froen zéckt net, eis iwwer eise Kontakt-Formulaire ze kontaktéieren.

Am Viraus Merci am Numm vun de Lënster Schoulkanner.


Back to Top
CIM LOGO