Presuméierten Täter op der FluchtDräi Blesséierter bei Explosioun zu Monaco, zwee dovu schwéier

RTL mat AFP
Bei engem presuméierte Bommenattentat zu Monaco sinn e Méindeg den Owend dräi Persoune blesséiert ginn, e verdächtegen Mann ass nach op der Flucht.
Den Asaz vun de Rettungsdéngschter a vun der Police zu Monaco leeft op Héichtouren.
© VALERY HACHE/AFP

E Méindeg den Owend géint 21 Auer goufen dräi Persoune bei enger Explosioun zu Monaco blesséiert, zwee dovunner schwéier. Éischten Informatiounen no wier d'Explosioun, déi an engem Wunnhaus an der Rue Révérend Père Louis Frolla geschitt ass, absichtlech ausgeléist ginn, sou déi lokal Police, déi vun engem presuméierten Attentat schwätzt.

E Mann ass kuerz virun der Explosioun gesi ginn, wéi hien e Rucksak am Gebai placéiert huet. Déi monegassesch Regierung huet kuerz drop matgedeelt, datt e verdächtege Mann nom Virfall op der Flucht ass.

Den Asaz vun de Rettungsdéngschter a vun der Police leeft iwwerdeems op Héichtouren.

Bei den dräi Blesséierte soll et sech ëm eng eeler Koppel an eng Persoun am Alter vun 13 Joer handelen.

Back to Top
CIM LOGO