Sponsored ContentD'Welt am Joer 2024: E globalen Investitiounsausbléck

RTL Lëtzebuerg

Vum Nicolas Sopel

Wat sinn d'Wirtschafts- a Maarttrends fir 2024?

Am Zäitalter vun Instagram ass et modern, komplex Iddien op e prägnant Zitat ze reduzéieren. Dat wäert ech och bei den Aussiichte fir d'Weltwirtschaft an d'Mäert maachen – mat zwee Zitater zum Präis vun engem.

Éischtens: „Alles, wat ech weess ass, dass ech näischt weess.“ Dat huet de Sokrates gesot an ech stëmmen him voll a ganz zou. Mir musse bescheide sinn, wa mir d'Zukunft viraussoen, well déi eenzeg Gewëssheet ass, dass se ongewëss ass. Hei ass en zweet Zitat: „Näischt ass konstant, ausser dem Wandel.“ Dës Ausso vum Heraklit, engem anere griichesche Philosoph, ass och zoutreffend. D'Trends, déi sech haut ofzeechnen, wäerten sech am Laf vun der Zäit onweigerlech änneren; Verännerunge sinn onvermeidlech.

No dësen Instagram-esquen Hiweiser wëlle mir eis elo de globalen Aussiichte fir 2024 zouwennen.

Am Ufank vum Joer 2023 hu mir e Joer erwaart, dat duerch en dräifachen Effekt gepräägt géif sinn: den Héichpunkt vun der Inflatioun, eng Paus bei der restriktiver Geldpolitik vun den Zentralbanken an en Opschwong an der chineesescher Wirtschaftstätegkeet. Mir hu gesinn, dass dës 2023 an ënnerschiddlechem Mooss agetrueden ass. D'Inflatioun huet hiren Héichpunkt zwar erreecht an d'Zentralbanken hunn d'Zënsen net méi an d'Luucht gesat, mee den Opschwong a China war nëmme vu kuerzer Dauer an huet en aneren Effekt ervirbruecht: Pessimismus. An Zukunft wäerte mir warscheinlech eng Fortsetzung/Weiderentwécklung vun dëser Dynamik erliewen, mee et wäerten sech och aner Tendancen ofzeechnen.

Fänke mir also mat enger gudder Noriicht un! Et gesäit esou aus, als ob d'Zentralbanken de Kampf géint d'Inflatioun elo gewannen. Dat ass d'Resultat vun der beispilllos schneller a staarker Restriktioun vun de finanzielle Konditiounen an de Joren 2022 an 2023. Mee – et gëtt jo all Kéiers e „mee“ – et ass wichteg, d'Ausmooss ze moossen, an dem d'Wirtschaft duerch dës restriktiv Politik geschiedegt gouf. Doriwwer eraus ass et fir Investisseuren och wichteg ze beurteelen, wéi d'Mäert op d'Kombinatioun aus méi luesem Wuesstem a manner restriktiver Politik reagéiere wäerten, well et ass dat, wat mir fir 2024 erwaarden. Mat anere Wierder: Wäert eng schlecht Noriicht (méi luese Wirtschaftswuesstem) eng gutt Noriicht fir d'Mäert sinn (well d'Zentralbanke méi Spillraum fir eng méi expansiv Politik wäerten hunn)? D'Äntwert ass net esou einfach, also kucke mir eis dat Ganzt nach méi am Detail un.

Mir ginn dovun aus, datt de Wirtschaftswuesstem am Joer 2024 ënnert dem Trend leie wäert. Mir rechne weiderhi mat enger liichter Rezessioun am Ufank vum Joer 2024, well d'Gesamtwirtschaft d'Auswierkunge vun der restriktiver Politik an enger onerwaart schwaacher chineesescher Wirtschaft ze spiere kritt. Dëst ass an der Eurozon an am Vereenegte Kinnekräich scho méi oder manner de Fall. An Deeler vun der US-Wirtschaft dréint d'Konjunktur méi lues, mee och vun engem héijen Niveau aus, well d'US-Wirtschaft am Groussen a Ganze resistent bleift. Fir de Moment gi mir dovun aus, dass d'Rezessioune just liicht ausfale wäerten, well de Verloscht vun Aarbechtsplaze limitéiert ass an déi haiteg Wirtschaft net vun dem Ongläichgewiicht gepräägt ass, déi fréier Rezessioune markéiert hunn.

D'Schwellelänner sinn e bëssen aus dem Takt geroden. Mir ginn dovun aus, dass d'Konjunktur a China méi lues dréie wäert an dann ënnert dem Trend stabiliséiert, well d'Festland mat vill Géigewand konfrontéiert ass, dorënner d'Ausbleiwe vu signifikative Konjunkturimpulsen an eng Immobiliëkris matten a laangfristege strukturelle Verännerungen an enger wirtschaftlecher Neiausriichtung. China ass eng Belaaschtung fir d'Regioun, mee et sinn nach aner Muechten um Wierk. D'Zentralbanken an dësem Deel vun der Welt si bestrieft, de Wuesstem ze stëtzen, an eng Rei vu Vollekswirtschaften kënnen sech erhuelen, andeems si vun der Ëmstrukturéierung vun de Produktiouns- a Liwwerkette profitéieren, déi sech warscheinlech iwwer eng Rei vu Joren auswierke wäert. Insgesamt schéngen déi global Wuesstemsaussiichte fir 2024 éischter verhalen ze sinn.

D'Inflatioun wäert sech weider ofschwächen, mee warscheinlech iwwer dem Trend (an den Ziler vun den Zentralbanken) bleiwen. Dat ass eng gutt Noriicht, well säit der Pandemie sinn d'Präisser offensichtlech an d'Luucht geschoss. Allerdéngs sollt ee bedenken, dass d'Inflatioun normalerweis just méi lues gëtt, wann d'Wirtschaft méi lues dréit. Dës „gutt Noriicht“ kéint sech also als éischter gemëschte Seegen erweisen.

Déi wierklech gutt Noriicht kéint fir d'Mäert sinn. Wann d'Inflatioun zeréckgeet, hunn d'Zentralbanken d'Méiglechkeet, manner restriktiv ze agéieren, d.h. d'Zënsen net méi ze erhéijen. Un dësem Punkt befanne mir eis haut. Mir ginn dovun aus, dass d'Zentralbanke bis Mëtt 2024 nach méi accommodéierend ginn an d'Zënssätz senken, wann de Wuesstem zeréckgeet. Eng méi staark Accommodatioun kéint Investisseuren dozou verleeden, weiderhi méi Risiken anzegoen, d.h. méi riskant Investissementer ewéi Aktien ze kafen. Dëse Message muss allerdéngs aus gläich e puer Grënn nuancéiert ginn.

Éischtens weist d'Geschicht, dass Aktien tendenziell falen, wann d'Zentralbanken d'Zënssätz erofsetzen. Zënssenkungen ginn an der Reegel da virgeholl, wann eppes schif gelaf ass, z.B. wann de Wuesstem noléisst. An Aktie si vum Wuesstem ofhängeg. Et sollt ee bedenken, dass den S&P 500 an de Joren 2000 an 2008 ëm ongeféier 50% gefall ass. Dobäi huet et sech natierlech ëm Systemkrise gehandelt, a mir gesinn näischt Vergläichbares um Horizont. Soulaang d'Zentralbanken d'Zënsen net erofsetzen, kéinten d'Mäert gestëtzt bleiwen, well d'Zënsen net weider steigen.

Déi wichtegst Aktienindexen sinn an de Joren no der weltwäiter Finanzkris mat gerénger Volatilitéit geklommen, wéi d'Zënsen op null (oder an der Eurozon souguer ënner null) gefall sinn an d'Zentralbanke staatlech Obligatioune kaf hunn (déi sougenannt „quantitativ Lockerung“). D'Volatilitéit an e puer Ofsenkunge sinn nees zeréckkomm, wéi d'Zënssätz geklomme sinn. Dës kéint de Fuerplang fir Aktien an der éischter Hallschent vum Joer 2024 sinn, déi eiser Meenung no volatil bleiwe wäerten, well d'Mäert de Schued, den d'Zentralbanken an der Wirtschaft verursaacht hunn, wéi scho gesot, bewäerten.

Den zweete Grond sinn d'Bewäertungen, inklusiv déi relativ d'Bewäertungen. Eng US treasury bill mat enger Lafzäit vu sechs Méint bréngt momentan e Profit vu 5,5%, dat ass ongeféier 1% méi wéi de Profit vum S&P 500 haut. Staatlech Obligatiounen si sécherlech méi sécher ewéi Aktien. Am Prinzip ass den Ausgläich fir de Risiko net sou grouss.

Wéi héich ass d'Warscheinlechkeet, dass d'US-Wirtschaft an den nächste sechs Méint hir Scholden net méi zeréckbezuele kann? Et ass sécherlech net null, awer dach ganz geréng. Dat weist, dass héichwäerteg Obligatiounen, wéi z.B. déi déi vu Regierungen (an den USA oder an der Eurozon) ausgestallt ginn, momentan ganz attraktiv bewäert sinn.

D'Geschicht weist awer och, dass d'Profitter vun Obligatioune klammen, wann d'Zënsen hiren Héichpunkt erreechen. Bei dëse Profitter, déi jee no Land tëschent 3 a 5% leien, bidden Obligatiounen och e gutt Polster, wann de Wuesstem zeréckgeet, oder souguer nach méi, wann e méi staark ewéi erwaart zeréckgoe sollt. Mir sinn dofir weiderhin der Meenung, dass staatlech Obligatiounen als Deel vun engem diversifizéierte Portfolio immens sënnvoll sinn an dass d'Verhältnis tëschent Chance a Risiko interessant ass.

Wat kéint schif goen? D'Zentralbanke kéinten d'Zënse weider an d'Luucht hiewen, wann sech d'Inflatioun als méi haartnäckeg wéi erwaart erausstelle sollt. Mee nodeems si d'Zënsen an de Joren 2022 an 2023 schonn esou staark ugehuewen hunn, wäerten si se an dësem Zyklus vläicht just nach eng Kéier unhiewen; anerefalls riskéieren se definitiv, de Wuesstemsmotor ze lämen. Par conséquence kéint sech eng Investitioun an héichwäerteg Obligatiounen als relativ geréngfügeg falsch erweisen, si kéint sech awer och als wesentlech méi richteg erweisen.

De (geo-)politesche Risiko ass e weideren Onsécherheetsfacteur. De Krich vu Russland an der Ukrain geet weider, an och am Noen Oste gëtt et Konflikter. Geopolitesch Spannunge wierken sech allerdéngs an der Reegel nëmme kuerzzäiteg op d'Mäert aus – an der Reegel handelt et sech ëm eng éischt Reaktioun op de Schock, virun allem bei de Mäert vun de Rostoffer.

Dat nei Joer kéint och vu politescher Volatilitéit gepräägt sinn. Am November 2024 gëtt an den USA decidéiert, wien d'Land an den nächste véier Joer féiere wäert. Och d'Vereenegt Kinnekräich wäert wiele goen. Weider 21% vun der Weltbevëlkerung (an Indien an Indonesien) wäerten hir Stëmm fir hir politesch Féierungen ofginn. Dat kéint an enger multipolarer Welt, déi ëmmer nach vu Protektionismus gepräägt ass, vu grousser Bedeitung sinn. Et kéint och fir d'Budgete vu Bedeitung sinn, a vläicht och fir Gold. De Goldpräis befënnt sech momentan no un historeschen Héichstänn, an et ass a bleift eng „safe bet“, déi vun niddregen Zënssätz profitéiere kéint.

Bis ewell hu mir éischter iwwer déi no Zukunft geschwat. Mir bei Quintet mengen, dass et wichteg ass, iwwer kuerzfristeg Noriichten oder Zyklen eraus op mëttel- bis laangfristeg Themen ze kucken, fir u strukturellem Wuesstem an Diversifizéierung deelzehuelen. Et gi vill Beräicher, an deenen d'Innovatioun weidergeet an nei Geschäftsmodeller entstinn. Am Groussen a Ganze gëtt eisen Ausbléck vu makroekonomeschen Trends bestëmmt, awer och vu Geopolitik, Innovatioun, Ëmwelt, Demografie a Mäert.

Wärend mir eis dat aktuell Ëmfeld vum Wuesstemsréckgang ukucken, gesi mir och e puer vun de resistenten Themen, déi defensive Wuesstem bidde kënnen. Dës kënne vun erofgoende Profitter profitéieren, well si manner ufälleg fir Konjunkturzykle sinn a vu laangfristegen Investitiounsperspektive profitéieren. Zu dësen Theeme gehéiere propper Energie, Waasser an Offall, Gesondheet an Infrastruktur.

Wéi ech schonn ugedeit hunn, sti mir am Ufank vun enger joerzéngtelaanger Neiausriichtung vum weltwäite Wirtschaftsmodell. E puer wichteg Verännerungen si scho voll am Gaangen, wéi z.B. d'Verlagerung vun der Produktioun (z.B. d'China-Plus-One-Strategie). An dëser multipolarer Welt goufen d'Nodeeler vun der Globaliséierung, besonnesch d'Ofhängegkeet vu China, duerch d'Erausfuerderungen an der Liwwerkette wärend der Pandemie an d'Inflatioun, déi duerch Kricher a geopolitesch Spannunge verschäerft goufen, opgeluecht. Länner- a Wirtschaftsbléck hunn ugefaangen, sech méi staark op déi bannenzeg Kontrolle vu Schlësselsecteuren an -technologien ze konzentréieren, wärend Entreprisen eng Rei Operatiounen aus China verlageren, fir d'Liwwerketten nees an d'Gläichgewiicht ze bréngen. D'Investitioune verlageren sech vu China op aner Schwellelänner ewéi Indien, Mexiko a Vietnam, fir just e puer ze nennen. Mir mengen, dass dëse Wandel vill Joerzéngter undaueren an d'Schwellelänner stäerke kéint. Wéi scho gesot, ass näischt vun Dauer, ausser dem Wandel.

www.quintet.lu

------------------------------------------------------------------------------------------------------------

Den Nicolas Sopel ass Head of Macro Research & Chief Strategist, Lëtzebuerg, bei der Quintet Private Bank. Déi an dësem Artikel gemaachten Aussoen an Usiichte sinn déi vum Auteur zum Zäitpunkt vun der Verëffentlechung vun dësem Artikel a kënnen sech änneren. Dësen Artikel ass ausserdeem vun allgemenger Natur a stellt keng Rechts-, Comptabilitéits-, Steier- oder Investitiounsberodung duer. All Investisseure sollte bedenken, dass d'Wäertentwécklung an der Vergaangenheet keen Hiweis op déi zukünfteg Wäertentwécklung ass an dass de Wäert vun Investissementer steigen oder fale kann. Och Schwankunge vum Change kënnen dozou féieren, dass de Wäert vun de betraffenen Investissementer steigt oder fält.

Back to Top
CIM LOGO