
Den Naturpark Our proposéiert an der Vakanz verschidde guidéiert Wanderungen, déi dozou alueden, d'Geschicht nei z'erliewen.
Dréit een d'Zäit 500 Joer zréck, stellt ee fest, datt d'Kommunikatioun definitiv net esou einfach war wéi haut. D'Post gouf vu Reider verdeelt a war wochelaang ënnerwee bis se beim Destinatär ukomm ass. Zu Aasselbuer am Norde vum Land war déi eenzeg Postreiderstatioun vu ganz Lëtzebuerg.
A genee op där Plaz, um Posteck zu Aasselbuer, ass de Start vun den historesch-humoristesche Wanderungen, déi op enger Streck vu 5 km zum Deel iwwer d'Original Postweeër aus dem 16. a 17. Joerhonnert féieren an de Participanten d'Méiglechkeet ginn a Form vun Theateroptrëtter verschidde Personnagen aus där Zäit kennenzeléieren.
D'Toure sinn op folgenden Deeg:
6., 15. & 20. August
Highlight den 13. August: Nuetswanderung
Ticketen an Informatiounen:
Opgepasst: D'Post History T'Ouren sinn nëmmen op lëtzebuergesch!

Wollt Dir schonn ëmmer wëssen, wéi d'Fluchtoperatioune vu lëtzebuergesche Resistenzler an Zwangsrekrutéierten sech wärend de leschte Jore vum Krich ofgespillt hunn?
Da verpasst op kee Fall déi geféiert Wanderungen um Sentier des Passeurs zu Ëlwen. Hei verschmëlzt op enger Streck vun 8 km historescht Wësse mat engem wonnerbaren Openthalt an der Natur.
4 guidéiert Wanderunge fannen am Summer um Sentier des Passeurs statt:
Sonndes, den 30. Juli, 6., 13., & 20. August
Ticketen an Informatiounen:
https://www.visit-eislek.lu/de/fuehrung/gefuehrte-wanderung-fluchthelferweg-troisvierges
