
D’Eta gëtt Cheftrainerin vun Union Berlin, nodeems de Steffen Baumgart nom 1:3 e Samschdeg zu Heidenheim trotzdeem iwwerraschend entlooss gouf. D’Köpenicker hunn ëmmerhin nach ëmmer eng Avance vu 7 Punkten op d’Relegatioun. Déi schlecht Réckronn gouf dem Baumgart awer wuel zum Verhängnes.
Déi 34 Joer al Eta wäert d’Häre vun Union Berlin elo als Interim bis de Schluss vun der Saison iwwerhuelen. Duerno soll si wéi geplangt Cheftrainerin vun den Dammen am Veräi ginn. D’Trainerin gëtt trotzdeem net an d’Kaalt Waasser geheit: Am Mee 2024 war si schonn Assistentin bei den Häre vun der Union wärend dem Ofstigskampf.