
D'Delegatioun ronderëm den US-Vizepresident JD Vance ass um Wee zeréck an d'USA. 21 Stonne laang gouf intensiv diskutéiert - dat wär positiv, esou de Vance.
"Déi schlecht Nouvelle ass, datt mir keen Accord fonnt hunn", esou de Stellvertrieder vum US-President Trump awer och. "Mir fléien also an d'USA zeréck, ouni eng Eenegung fonnt ze hunn." Et hätt een Teheran awer nach eng "lescht a bescht Propos" um Dësch leie gelooss, esou de Vance kuerz viru senger Heemrees e Sonndeg de Moien.
De Vizepresident Vance huet gesot, et hätt een den Iraner déi rout Linne presentéiert an déi Punkten, wou ee bereet wär, fir Kompromësser anzegoen. Wéi eng Sujeten dat genee waren, huet hien net gesot. Op en Neits dierft et awer vill ëm den iraneschen Atomprogramm gaange sinn. Den US-Vizepresident huet bedauert, dass den Iran sech net kloer dozou verflicht hätt, laangfristeg keng Atomwaffen ze developpéieren.
Den iraneschen Ausseministère deet wëssen, fir si géif de Succès vun de Verhandlungen dovun ofhänken, ob d'Géigesäit vun hiren iwwerdriwwene Fuerderunge géif ofgesinn. Bis dohi géif sech och bei der Strooss vun Hormus näischt änneren.
D'Iraner wieren net presséiert, fir weider ze verhandelen, mellt d'iranesch Noriichtenagence Tasnim. Viru sengem Depart huet den JD Vance drop gehalen: et wär net gutt, dass et keen Accord géif ginn, ma dat wäre vill méi schlecht Noriichte fir den Iran, ewéi fir d'USA.
Obwuel d'Verhandlungen tëscht den USA an dem Iran fir den Ament gescheitert sinn, huet de Vermëttler Pakistan béid Länner dozou opgeruff, d'Wafferou, op déi ee sech jo gëeenegt hat, anzehalen. Dat wier "dréngend néideg", esou de pakistaneschen Ausseminister Ishaq Dar e Sonndeg. Pakistan géif weider d'Vermëttlerroll iwwerhuelen, fir den Dialog tëscht Washington an Teheran oprecht ze erhalen.
Och Australien huet gefuerdert, datt d'Wafferou soll agehale ginn. Datt d'Gespréicher ouni een Accord tëscht den USA an dem Iran op een Enn gaange sinn, wier "enttäuschend", esou déi australesch Ausseministesch Penny Wong. D'Prioritéit misst elo sinn, d'Wafferou ze erhalen an zeréck un de Verhandlungsdësch ze kommen.