Sponsored ContentHomeoffice och no dem COVID 19

RTL Lëtzebuerg

85% vun de Lëtzebuerger erwaarden, datt si och no dem COVID-19 vun doheem aus schaffe wäerten.

Schaffe vun doheem aus, ass näischt Neies. Virun der Pandemie war den Homeoffice éischter eppes wat ee geleeëntlech erlaabt kritt huet an och eng Saach, déi nëmme fir gewëssen Employéë gegëllt huet.

D’Detailer variéieren, ma am Groussen a Ganzen ass den Télétravail awer eppes wat d’Kriis iwwerliewe wäert. Eng Enquête, mat iwwert 500 Leit aus Lëtzebuerg, déi vun „Decoding Global Talent“ an Zesummenaarbecht mat BCG an The Network realiséiert ginn ass, bestätegt dës Tendenz.

Och wann de Wëlle fir ëmmer nach op de Bureau ze goen do ass, déi lëtzebuergesch Talenter, erwaarden awer datt si och op Distanz schaffen däerfen.

Zu Lëtzebuerg rechene 85% vun de Leit domatt, datt si no der Pandemie, ganz oder deels op den Télétravail zeréckgräife kënnen. Just 16% vun de Leit wéilten, wa si d’Méiglechkeet hätten, komplett op Distanz schaffen. D’Majoritéit ass awer der Meenung datt eng Kombinatioun tëscht Homeoffice a Bureau, déi besser Léisung fir si wier. Haaptsächlech ass et awer d’Flexibilitéit, déi d’Leit am meeschten interesséiert.

Ënnert deene méi entwéckelte Länner, zielt Lëtzebuerg zu deenen, déi net déi ganzen Zäit op Distanz schaffe wëllen.

Dëst trëfft och an anere Länner, wéi Holland, Frankräich, Dänemark a Finland zou, also Länner wou een eigentlech eng aner Astellung vis-à-vis vum Homeoffice erwaart hätt. Bei all dëse Länner ass et op alle Fall net gewollt fir integral nëmmen nach op Distanz ze schaffen.

Weider Informatiounen iwwert d’Tendenze vum Aarbechtsmaart aus Lëtzebuerg fannt Dir op jobs.lu

Back to Top
CIM LOGO