Sponsored ContentINOWAI digitaliséiert de Kaf a Verkaf vun Immobilien

RTL Lëtzebuerg
Souguer déi schéinste Konschtwierker ginn online verkaf. Firwat also net och Immobilien?

Entdeckt eng nei a fair Method e Logement ze kafen oder ze verkafen

An engem Wunnimmobiliemaart, dee sech séier, heiansdo ze séier, entwéckelt a wou d'Offer net ëmmer no der Nofro gläichkënnt, ass et eng Noutwennegkeet, innovativ Léisungen ze fanne fir ënnerschiddlech Bedierfnesser ze erfëllen an de Secteur nei ze erfannen. Am Broch mam traditionellen Immobiliegeschäft huet INOWAI mat neien Technologien eng Léisung fonnt, den Immobilieverkaf einfach an transparent ze gestalten, dat mat Hëllef vun enger digitaler online Verkafsplattform. Déi schéinste Konschtwierker, klassesch Autoen a souguer Antiquitéite ginn online verkaaft, firwat also net och Immobilien?

Entwéckelt an enger exklusiver Partnerschaft fir Lëtzebuerg mat der Start-up Kadran, bitt INOWAI  en interaktiven, digitalen a séchere Wee fir Immobilientransaktiounen ze organiséieren, ze vereinfachen an esouguer méi séier ze maachen, egal ob Dir Keefer oder Verkeefer sidd. D’Zil vun der digitaler Plattform ass kloer: jidderengem d’Méiglechkeet ze bidden eng Immobilie zum richtege Präis ze kafen oder ze verkafen, op eng fair an transparent Manéier. De Prinzip ass einfach: Wann eng Immobilie ze verkafen ass, presentéiert INOWAI se online. Interesséiert Keefer kommen dann op enger komplett sécher a speziell zu dem Zweck ageriichten digital Plattform. Duerno fänkt eng Verkafssession un, wärend där all Client seng Intentioun fir e Kaf kann ofginn. D'Offer gëtt réischt definitiv validéiert no Kontroll an Accord um Dossier vum Verkeefer.

"Een ëmmer méi komplexe Kreeslaf vu Kaf a Verkaf kann dacks Stress oder Frustratioun ausléisen. INOWAI bitt duerfir eng komplett nei Experienz, bei där dat Digitaalt an dat Mënschlecht besser mateneen harmonéieren, fir de Bedierfnesser vun de Cliente méi gerecht ze ginn.“ seet d'Raphaëlle POLY, Head of Residential Agencies INOWAI.

Effektiv ginn op engem Maart, deen esou ugespaant ass wéi dee vun de Wunnimmobilien zu Lëtzebuerg, d'Immobilien heiansdo mol iwwerhaapt net um Marché presentéiert, well se scho verkaf sinn. Wie war net scho mol enttäuscht, well eng Immobilienannonce verschwonnen ass, iert een iwwerhaapt d’Geleeënheet hat, d‘Immobilie kucken ze goen? D'Raphaëlle POLY erkläert: "Déi Léisung, déi hei proposéiert gëtt, gëtt jidderengem déi nämmlecht Chance, well d'Verkafs-Annonce fir eng fix Period online gepost gëtt. Dann, wann d'Zäit fir de Verkaf kënnt, huet jiddereen d'Méiglechkeet sech ze positionéieren an eng Offer ze maachen. Et ass eng fair an transparent Manéier fir d’Keefer.‘‘ An och op der Verkeeferssäit weist déi digital Plattform hir Virdeeler. Se bréngt net nëmmen eng grouss Visibilitéit fir d'Immobilie, déi fir e puer Wochen Dausende vu potenzielle Keefer gewise gëtt, mee virun allem gëtt se dem Verkeefer d'Garantie, seng Immobilie fir de fairste Präis um Marché verkaaft ze kréien. En digitaalt Verkafsargument dat d'Welt vun den Immobilie revolutionéiert. Virun allem ass et eng eemoleg Léisung zu Lëtzebuerg, déi vun INOWAI ugebuede gëtt, fir Verkeefer a Keefer zefridden ze stellen an Immobilien Transaktiounen ze vereinfachen.

Gitt méi gewuer

Back to Top
CIM LOGO