Police lancéiert ZeienopruffZwee Schwéierblesséierter bei Accident op der A3, ee Gefier komplett verbrannt

RTL Lëtzebuerg
Beim Accident op der A3 an der Nuecht op e Samschdeg goufen insgesamt 6 Persoune blesséiert. Wéi d'Police elo matdeelt, zwou dovunner schwéier.
© RTL Grafik

Geschitt war den Accident kuerz virun 1 Auer tëschent der Ausfaart Aire de Berchem an der Opfaart Léiweng a Richtung Frankräich. Éischten Informatiounen no soll en Auto mat héijer Vitess a Richtung Frankräich ënnerwee gewiescht sinn, wéi et géint d'Leitplank gerannt an duerno mat engem aneren Auto zesummegestouss, ier et a Brand geroden ass an duerch d'Flame komplett zerstéiert gouf. Am Bulletin vum CGDIS war e Samschdeg de Moien ze liesen, datt vun insgesamt 6 Blesséierten, véier Persoune fir eng Kontroll an d'Spidol koumen. D'Police preziséiert an hirer Meldung vun e Samschdegmoien elo, datt zwou Persoune schwéier verwonnt goufen, eng dovunner huet schwéier Verbrennungen dovu gedroen.

D'A3 ass den Ament nach wéinst den Opraumaarbechten a Richtung Frankräich vum Gaasperecher Kräiz bis bei d'Aire de Berchem fir den Trafic gespaart, dat well den Accident massiv Schied op der Strooss hannerlooss huet. De Parquet huet d'Police judiciaire mat enger Enquête beoptraagt.

Police lancéiert an deem Zesummenhang och en Opruff a bied eventuell Zeien, sech bei der Verkéierspolice ze mellen, dat ënnert der Nummer (+352) 244 17 5200 oder per Mail un upr@police.etat.lu.

Liest dozou och hei:

Back to Top
CIM LOGO