Trauer-Festivitéite am IranHéichrangeg Gäscht erweisen Ajatollah Chamenei déi lescht Éier

AFP, iwwersat vun RTL
De 86 Joer alen Ajatollah Chamenei war um éischten Dag vum Krich den 28. Februar zu Teheran ëmkomm.
Einen Tag vor Beginn der offiziellen Trauerfeierlichkeiten im Iran für den getöteten obersten Führer Ayatollah Ali Chamenei haben Präsident Masud Peseschkian und andere ranghohe iranische Regierungsvertreter ihm die letzte Ehre erwiesen.
D'Trauer-Festivitéiten dauere bis nächsten Donneschdeg.

© KHAMENEI.IR/AFP/Archiv

Een Dag virum Ufank vun den offiziellen Trauerfeierlechkeeten am Iran fir den Ajatollah Chamenei hunn de President Masud Peseschkian an aner ranghéich iranesch Regierungsvertrieder dem ieweschte geeschtleche Leader déi lescht Éier erwisen.

Och auslännesch Gäscht, wéi de fréiere russesche President Dmitri Medwedew an de pakistanesche Premier Shehbaz Sharif hunn d'Groussmoschee Mosalla zu Teheran besicht, wou de Sarg e Freideg hibruecht gi war.

Op Biller an der iranescher Staatstëlee war ze gesinn, wéi de Peseschkian zesumme mat anere ranghéije Regierungsvertrieder, dorënner de Parlamentspresident Mohammed Bagher Ghalibaf, um Sarg gebiet huet, dee mat dem iranesche Fändel bedeckt war. De 86 Joer alen Ajatollah Chamenei war um éischten Dag vum Krich den 28. Februar zesumme mat enger Rei vu senge Familljememberen an US-israeeleschen Ugrëff op seng Residenz zu Teheran ëmkomm.

Och den Uféierer vun den iranesche Revolutiounsgarden, den Ahmad Wahidi, war an der Mosalla. Hien huet seng Hand op de Sarg geluecht a gebiet. Et war säin éischten ëffentlechen Optrëtt zanter dem Ufank vum Iran-Krich. Säi Virgänger, de Mohammad Pakpur, war och um éischten Dag vum Krich ëmkomm.

De Medwedew an de Sharif hunn dem Chamenei, genee wéi den Ausseminister vun der afghanescher Taliban-Regierung, déi lescht Éier erwisen. Och Delegatioune vun der islamistescher Palestinenserorganisatioun Hamas a vun der libanesescher Hisbollah-Miliz waren an der Mosalla. Alles an allem goufe sech d'Staats- a Regierungscheffen an héichrangeg Vertrieder aus engen 30 Länner op de Feierlechkeeten erwaart.

Déi iranesch Populatioun kann dem Chamenei vun e Samschdeg un Äddi soen. D'Zeremonien dauere bis den nächsten Donneschdeg. Da gëtt de verstuerwene geeschtleche Leader a senger Heemechtsstad Maschhad begruewen. Eleng zu Teheran gi sech 15 bis 20 Millioune Leit erwaart, déi laanscht säi Sarg wäerten defiléieren.

Eigentlech war d'Trauerfeier fir de Chamenei, dee bal 37 Joer laang am Iran geherrscht hat, scho fir de Mäerz geplangt, ma wéinst dem Krich gouf se verréckelt. Aktuell gëtt et eng brécheg Wafferou mat den USA.

Zum Chamenei sengem Nofollger gouf säi Jong Modschtaba Chamenei ernannt. Hie war beim Ugrëff den 28. Februar warscheinlech blesséiert ginn. Zanterdeem gouf hien nach net ëffentlech gesinn. Hien huet sech ëmmer just schrëftlech zu Wuert gemellt.

Back to Top
CIM LOGO