Sponsored ContentLéisunge fir e méi nohalteg Wunnen

RTL Lëtzebuerg

Hutt Dir Iech schonn emol gefrot, op et méiglech ass, d'Ëmweltbelaaschtung vun Ärem Doheem ze reduzéieren? Jo, et ass méiglech... mee nëmme mat der richteger Ënnerstëtzung.

Aus finanziellen oder ekologesche Grënn maachen sech ëmmer méi Hausbesëtzer Gedanken iwwer den Impakt vun hirer Wunneng an der Aart a Weis, wéi si sech fortbeweegen. Isolatioun, erneierbar Energiesystemer, effizient Verglasung, Fotovoltaikpannoen oder de Choix vun enger emissiounsaarmer Mobilitéit - et gi vill Léisungen an dës Projete sinn oft vill méi accessibel wéi ee mengt.

En nohalteg Doheem, vum Buedem bis op de Plaffong

D'Verbesserung vun der Isolatioun vun engem Haus ass eng vun den éischten Investitiounen, déi zur Senkung vun Ärem Energieverbrauch recommandéiert gëtt. Andeem Dir Är Maueren, Ären Daach an Är Biedem mat moderne Materialien an effizienten Isoléierungstechniken isoléiert, reduzéiert Dir Ären Heizbedarf an domat och Ären CO2-Ausstouss.

Wäermepompelen sinn och alternativ Léisungen zur Reduzéierung vun Ärem CO2-Ausstouss, well si jee no Modell d'Wäermt vun der Loft, vum Waasser oder vum Buedem notzen.

Fotovoltaik-Solarpannoe sinn och eng beléift Léisung, mat der Dir Ären eegene grénge Stroum an a verschiddene Fäll souguer en Akommes generéiere kënnt. Energiespäichertechnologien, wéi z.B. Haushaltsbatterien, kënnen Ären Eegeverbrauch optiméieren.

Och déi nohalteg Mobilitéit gewënnt u Bedeitung, mat engem wuessenden Interessi un Elektrogefierer a -vëloen. Si dréit derzou bäi, Är Zäregasemissiounen ze reduzéieren an offréiert gläichzäiteg méi niddreg Betribskäschte wéi Gefierer mat Verbrennungsmotor.

A wann Dir mat der richteger Ënnerstëtzung géift ufänken?

D'Ëmsetzung vun dëse Projeten erfuerdert eng grëndlech Planifikatioun an heiansdo héich Investitiounen. Fir Iech bei Äre Projeten ze ënnerstëtzen, offréiert d'Raiffeisen den „R-Eco“ Prêt, eng Finanzéierungsléisung, déi entwéckelt gouf, fir ekologesch Renovatiounsprojeten, d'Installatioun vun Energieanlagen a méi duuss Mobilitéit ze begleeden an ze ënnerstëtzen.

Den R-Eco Prêt offréiert virdeelhaft Konditiounen, fir Proprietären ze encouragéieren, hiren Impakt op d'Ëmwelt ze reduzéieren. D'Raiffeisen ënnerstëtzt hir Clientë beim Iwwergang op e méi ëmweltfrëndleche Liewensstil, andeem si ë.a. e gënschtegen Zënssaz a gratis Beaarbechtungsfraisen offréiert.

Esou Projete gi vum lëtzebuergesche Staat gefërdert a sinn oft mat staatlechen Aide verbonnen, déi beispillsweis a Form vu Subventiounen, Primes d'Encouragement oder enger reduzéierter TVA ausbezuelt kënne ginn. D'Beroder vun der Raiffeisen vermëttelen hir Clientë jee no Situatioun un déi verschidden Uspriechpartner.

Weider Informatioune fannt Dir op raiffeisen.lu

Back to Top
CIM LOGO