Sponsored ContentMikrofinanz fir d'Liewensbedingungen am Mali ze verbesseren

RTL Lëtzebuerg

Déi afrikanesch Länner, an deenen SOS Faim seng Partner ënnerstëtzt, hu mat verschiddenen Krisen ze kämpfen. SOS Faim alarméiert iwwert d'Situatioun am Mali an hir dramatesch Konsequenzen. D'Land ass vu katastrophale Sécherheets- a wirtschaftleche Problemer gepräägt. D’Konsequenze fir déi ländlech Bevëlkerung si villfälteg: d'Expropriatioun vun Terrainen an Déieren a Baueren, déi dowéinst komplett ouni Ressourcë bleiwen; keen Zougang méi fir d'Produzenten zu hiren Terrainen; Zerstéierung vu Felder; d'Zoumaachen oder d'Verlagerung vu verschiddene Mikrofinanzinstitutiounen (MFI); Schwieregkeete fir Prête vu MFIs oder Banken ze kréie fir landwirtschaftlech Aktivitéiten ze finanzéieren. An d’Aarbecht vun den ONGen am Mali bleift immens komplex duerch d‘Presenz vu verschiddene bewaffente Gruppen. Mee SOS Faim ënnerstëtzt weiderhin seng Partner.

Mikrofinanz, e wichtegt Instrument am Kampf géint den Honger

Um Enn vun dësem Joer rifft d'ONG jiddereen op, seng Generositéit mat hirem Partner CVECA-ON Ségou ze weisen. CVECA-ON Ségou ass eng Mikrofinanzinstitutioun aus dem Mali. Säit méi wéi 25 Joer huet dëst Netzwierk ländlech Keesen a 65 Dierfer ageriicht. Des Keese gi vun de lokale Communautéite selwer geréiert.  D'Aktiounen am Beräich vun der Mikrofinanz spillen eng entscheedend Roll well si de ländlechen a vulnerabele Populatiounen eng Zukunftsperspektiv bidden. Duerch den Zougang zu Prêten erlaabt d'Mikrofinanz klenge Baueren an Entrepreneuren hir landwirtschaftlech a kommerziell Aktivitéiten z'entwéckelen, sou datt hir Widderstandsfäegkeet vis-à-vis vun der Liewensmëttelonsécherheet am Mali gestäerkt gëtt

„Ech bleiwen iwwerzeegt datt d'Mikrofinanz e wäertvollt Instrument bleift fir d'Stabiliséierung vun engem Land wéi dem Mali, dat duerch Onsécherheet gezeechent gëtt. Duerch d'Finanzéierung vu kommerziellen Aktivitéite kann d‘Mikrofinanz verhënneren, dass jonk Leit sech bewaffente Gruppen uschléissen oder d'Land musse verloossen. Mikrofinanzen ënnerstëtzen heescht Mënscheliewe retten!seet den Ali Cisse, Direkter vum CVECA-ON Ségou Netzwierk.

Firwat ënnerstëtzt SOS Faim d'Mikrofinanz am Beräich vun der Landwirtschaft ?

Mikrofinanz ass e Finanzsystem dee Kredit-, Spuer- a Versécherungsservicer fir Leit mat engem klengen Akommes ubitt, déi oft aus den traditionelle Finanzinstituter ausgeschloss sinn. Se fërdert d'wirtschaftlech Autonomie an d'Verbesserung vun de Liewensbedingungen, besonnesch an den Entwécklungslänner.

Ländlech Mikrofinanzinstitutioune wéi CVECA-ON Ségou, ënnerstëtzt vum SOS Faim, hunn e wesentlechen Impakt op den Empowerment vu Fraen. D‘Frae maachen d'Majoritéit vun de landwirtschaftlechen Aarbechtskräften aus, awer hir Rechter ginn oft verletzt, besonnesch wat den Zougang zu Land a passend Finanzéierungen ugeet.

SOS Faim huet eng wäertvoll Expertis entwéckelt fir den Dialog tëscht Bauerenorganisatiounen a Mikrofinanzinstitutiounen z'erliichteren, baséiert op déifgräifend Wësse vu béiden Acteuren. SOS Faim ënnerstëtzt sozial engagéiert Finanzinstituter, déi innovéiere fir finanziell Servicer unzebidden, déi un d'Bedierfnesser vun de Baueren ugepasst sinn. Dës Ënnerstëtzung ka verschidde Formen unhuele, wéi d'Finanzéierung vu Som, Stréi, landwirtschaftlech Ausrëschtung, Ausbildung vu Baueren an hirem Zougang zu Finanzéierung.

Ären Don un SOS Faim wäert direkt zur Stäerkung vun der Mikrofinanz am Kampf géint den Honger am Mali bäidroen.

Temoignagen aus der ländlecher Gemeinschaft vu Mali

Aminata Yatara

„Mäi Numm ass Aminata, ech sinn eng Caissière fir CVECA zu Sakoiba. Ech si bestuet, Mamm vun dräi Kanner an ursprénglech aus dësem Duerf. Ech hunn eng Ausbildung als Comptabel. Ech si frou d'Fortschrëtter vum Duerf Sakoïba a senger Ëmgéigend ze gesinn. Vill Frae konnte vum CVECA Kredit profitéiere fir hir Aktivitéiten ze verbesseren. D'Mikrofinanzinstitutioun dréit vill zur Verbesserung vun de Liewensbedingunge vun de Fraen an eiser Gemeng bäi“, Aminata Yatara, Caissière bei CVECA-ON Ségou.

Mamadou Keïta

„Mäi Numm ass Mamadou Keïta an ech sinn e Beneficiaire vun engem CVECA Kredit. Ech liewen zu Sanogola, an der Stad Cinzana Gare. Ier CVECA an eis Regioun komm ass, konnt ech net déi néideg Fonge sammele fir e Plou-Ochs ze kafen an d'Recolte war net genuch fir meng Famill z'ënnerstëtzen. Duerch de Kredit kënne mir elo ronn 8 Hektar Terrain ubauen, wat et eis erlaabt eis Liewensmëttelsécherheet fir dat ganzt Joer ze garantéieren“, Mamadou Keïta, Bauer am Mali.

Temoignagë wéi déi vun Aminata a Mamadou weise wéi d'Mikrofinanz Liewe verännert an déi lokal wirtschaftlech Entwécklung ënnerstëtzt.

Mir mussen handelen

SOS Faim brauch Iech fir am Kampf géint den Honger weiderzemaachen.

ET GËTT LÉISUNGEN. MIR MUSSEN ZESUMMEN HANDELEN. MAACHT ENG SPEND.

Ären Don gëtt duerch d'Kofinanzéierung vum Ausseministère mat fënnef multiplizéiert.

Bankkonto vun SOS Faim:

POST Luxembourg
IBAN : LU22 1111 0055 5526 0000
BIC / SWIFT : CCPLLULL

https://www.sosfaim.lu/actualites/

Back to Top
CIM LOGO