
Ze oft gesi mir eis Vakanzen als e weidere Projet mat enger endloser “To do”-Lëscht, déi muss ofgetickt ginn. Wie kennt dat net: Mir komme midd aus der Vakanz zeréck an et brauch een op d'mannst een Dag, fir sech ze erhuelen. Wéi wär et mol, eng einfach an agreabel Destinatioun ze besichen, wou d’Awunner wéi och d’Touristen d’Liewe richteg genéissen? An dat aus bestëmmte Grënn.
Wann Dir net mat Plangen iwwerfuerdert wëllt sinn an Är Destinatioun léiwer an engem gemittlechen Tempo wëllt entdecken an trotzdeem Loscht op en Tapéitewiessel hutt, da kënne mir Iech genuch Grënn nennen, firwat Dir Iech grad elo e Weekend zu Warschau sollt gënnen.
Einfach erreechbar mat direkte Volle vun der LOT Polish Airlines vu Lëtzebuerg aus, wäert Warschau Iech definitiv iwwerraschen. 2021 feiere mir den 100. Joresdag vun den diplomatesche Bezéiungen tëschent Polen a Lëtzebuerg. Et ass also de perfekte Moment, déi polnesch Haaptstad ze besichen!
Ech fille mech gréng
Wann d’Temperaturen an d’Luucht ginn, da gi Plaze mat Schied, Sprangbueren a Glacëbutteker zu de beléiftste Plaze fir Touristen an Awunner. Zu Warschau ass een ni ganz wäit vun enger molerescher Picknicksplaz fort - entweder am Gaart um Daach vun der Universitéitsbibliothéik, an de gefleegte Gäert vum Kinneksschlass mat Vue op d’Weichsel oder de kinnekleche Łazienki-Park, wou een de ganze Sonndeg Chopin-Melodië ka lauschteren.
Dir kënnt Iech och zu den aktiven Awunner an hiren Hausdéieren op dem Pole Mokotowskie gesellen oder am wonnerschéine Skaryszewski-Park Iech vun de wibbelege Stroosse vun Alt-Praga erhuelen. Op dëser Säit vum Floss gëtt et och e ganz schéinen Zoo an déi beschte Stränn vu Warschau, déi en herrleche Bléck op d’Alstad an dat eenzegaartegt, wëllt Flossufer bidden.
Et ass déi perfekt Plaz fir laang Spadséiergäng, e Vëlostour oder e Laftour. Fir e méi eenzegaartegt Erliefnis kënnt Dir e Kayak lounen an d'Vigelkolonien entdecken, déi sech op den eenzele Sandinsele befannen.
Waasser, iwwerall Waasser
Et ass keen Zoufall, dass mir Waasser mat Rou an engem friddlechen Zoustand verbannen. Säi berouegende Klang a seng rengegend Eegenschafte bréngen Entspanung fir eise Geescht. Fänkt den Dag um Weichsel Boulevard u mat engem gudde Kaffi an d’Welt gesäit direkt besser aus.
Wann der eng aner Perspektiv op d’Stad wëllt kréien, dann ass eng Natur-Croisière mat de Po-Wiśle River Cruises eng super Iddi. Eng Aussiicht op d’Alstad an déi üppeg Natur vun dem 12-Sëtzer Boot aus, wärend um Sonnendeck lecker Erfrëschungem zerwéiert ginn: dat ass d'Essenz vun der Vakanz.
Wann Dir d'Deck verloosst, fannt Dir direkt uewerhalb vun dem Boot Dock an ënnert der Alstad e ganz iwwerraschende Stopp: de Multimedia Fountain Park, deen owes beliicht gëtt an dee weekends wonnerschéin Toun- a Lightshows ubitt.
Berouegend Kläng vun der Musek
An der Stad vum Chopin ass et net schwéier, an d’Etüden a Mazurke vum berüümte Komponist anzedauchen. Et kann ee se net nëmmen an de berüümte Sonndes-Open-Air-Concerten am kinnekleche Łazienki-Park héieren (déi zwar momentan ënnerbrach sinn, awer erëm opgeféiert ginn, soubal et d’Situatioun erlaabt) oder an de risegen Archive vum Chopin Musée am Ostrogski-Palais, mä och bei enger Paus op enger vun de Granitbänken op der Kinneksstrooss.
E ganz besonnescht Erliefnis ass e private Pianosconcert, deen Iech mat enger Coupe Schampes op den Owend astëmmt.
De Chopin Pointass eng atmosphäresch kleng Plaz, déi direkt op der Palaisplaz läit a reegelméisseg Concerte wéi och privat Concerte vu renomméierte Pianisten all Owend um 19 Auer ubitt.
Iessen, drénken a frou sinn
Iesse mécht ons glécklech, esou einfach ass et. Déi grouss Restaurantszeen zu Warschau wäert esouwuel d’Libhaber vun den einfache Goûte wéi och déi mat engem raffinéierte Gaume begeeschteren.
Déi grouss Auswiel u präiswäerter, zwangloser Kichen aus allen Ecke vun der Welt mécht déi polnesch Haaptstad zu enger vun den interessantste kulinareschen Destinatiounen an Europa. Fir d'Foodies ass d’Gourmetszeen nach méi interessant - der Kreativitéit vun de lokale Käch, fir polnesch kulinaresch Traditioune mat modernen Techniken zu iwwerraschend gënschtege Präisser ze kombinéieren, wäert Iech dozou bréngen, ëmmer erëm op Warschau ze kommen. Et gëtt esou vill Choix an et ass ëmmer erëm spannend, ze entdecken, wat fir nei Saachen d'Stad zanter dem leschte Besuch ze bidden huet.
Déi rezent Lockdown-Restriktiounen hunn déi lokal Gastroszeeen dozou beweegt, sech op eng kreativ Aart a Weis nei ze erfannen. Online-Wäindegustatiounen oder Kachworkshops mat Ingredienten, déi heem geliwwert ginn, e privat Iessen doheem oder en eegene Sortiment un Deli-Produite waren nëmmen e puer vun den Erfindunge vun de Warschauer, déi de Lockdown erliichtert hunn. Déi Deeg gehéieren awer lues a lues der Vergaangenheet un, well d’Gäert an d’Terrasse vun de Restaurante si gutt gefëllt a vu Mee u wäerten d’Restauranten hir Indoor-Sëtzpläng aféieren.
Brasserie Warszawska - en elegante franséische Bistro-Restaurant, deen déi beschte Platen aus Warschau mat engem erfrëschenden, modernen an europäeschen Touch zerwéiert
Kieliszki na Próżnej - kleng Plate mat lokale Köstlechkeeten a Kombinatioun mat de beschte Wäiner
Eat Polska - eng Rëtsch begeeschtert Foodie-Guiden huelen Iech mat op déi bescht Insider-Plazen, fir lokal Delikatessen ze probéieren an typescht Gedrénks kennenzeléieren.
Kach Polnesch - probéiert d’Aromae vun Ärer Vakanz nozekachen an iwwerrascht Är Frënn a Famill doheem mat Ären neie Fäegkeeten
All onvergiesslecht Iesse soll mat dem richtege lokale Gedrénks combinéiert ginn, oder net?
Fir Äert Wëssen iwwer de polneschen National-Drink ze erweideren, sollt Dir onbedéngt de fantastesch interaktive Wodka Musée am Koneser Praga Center besichen. Ären Tour gëtt begleet vun enger Degustatioun vu verschiddenen Zorte Wodka, an d’Cocktailbar op der Daachterrass ass déi perfekt Plaz, fir dat neit Wëssen an d’Praxis ëmzesetzen.
Shopping-Alarm!
Ëmmer op der Sich no eppes Eenzegaartegem a Prakteschem, dat Dir kënnt mat heem huelen? Mä Dir hutt es genuch vun ëmmer de selwechte Souvenire vun touristesche Plazen? Oder villäicht fannt Dir et entspanend, ouni vill Leit kënnen a klenge Geschäfter op Entdeckungsrees ze goen? Wann Dir de Koneser Praga besicht, hutt Dir d’Méiglechkeet, lokal Konschtwierker ze kafen a kleng Designerstécker, Naturkosmetik an handgemaache Bijouen ze ergatteren. Weekends ginn hei ganz oft Designerfoiren, Open-Air-Concerten a Konschtausstellungen organiséiert.
Elektrownia Powiśle ass eng weider Boutique-Passage mat enger ganz entspaanter Atmosphär, wou Dir e grousse Choix u gemittleche Restauranten, Caféen a Glacëbutteker hutt.
SPA an der Stad
Vakanzendreem bestinn aus bequeme Better an engem inspiréierenden Ëmfeld.
Entdeckt, wéi gutt Dir Iech an dem stilvollen, minimalisteschen Interieur vum Hotel Warszawa erhuele kënnt. Am historesche Prudential Gebai - dem Art-Deco Wolkenkratzer aus der Warschauer Virkrichszäit - spigelt den Design dat historescht Ierwen. D’Gebai huet erstaunlech vill original Elementer versuergt, déi suergfälteg an den Design agebonne gi sinn.
De wonnerschéine SPA vum Hotel kéint Iech fir ee Moment vergiesse loossen, wou Dir sidd, awer d’Vue vun der Terrass vum Restaurant wäert Iech ganz séier erëm zeréckhuelen: Déi ikoneschste Sehenswierdegkeeten schéngen hei zum Gräifen no.
Wär net elo de perfekten Moment, déi Massage nozehuelen oder endlech e kuerze Gang an d’Sauna oder déi Schéinheetsbehandlung, déi Dir schonn ëmmer wollt maachen? Dann däerft Dir den Oasis Day Spa net verpassen. Ideal geleeën am Zentrum vun der Stad, wäert et de perfekten Halt sinn, fir Är Energie nei opzelueden an Iech op weider Entdeckunge virzebereeden. Oder einfach d’Atmosphär vun der nei entdeckter Haaptstad ze genéissen. Dir wäert sécher zeréckkommen, Dir hutt all Zäit vun der Welt.
Fir weider Informatiounen iwwer Polen kënnt Dir och de polneschen Tourist Office zu Bréissel kontaktéieren:
Tel: 00 32 2 740 06 20 - E-Mail: info.be@pologne.travel (gratis Broschüren op Ufro schécken) - Websäit: www.pologne.travel/fr-be