Groussbritannien verlaangt d'AusliwwerungAndrew an Tristan Tate zu Miami verhaft

AFP, iwwersat vun RTL
Wéi de brittesche Parquet e Sonndeg matdeelt, géif een d'Ausliwwerung vun de Bridder fuerderen.
© DANIEL MIHAILESCU/AFP

Den amerikanesch-britteschen Influencer Andrew Tate a säi Burdder Tristan Tate sinn zu Miami an den USA festgeholl ginn. Dat huet de "US Marshals Service" géigeniwwer der Noriichtenagence AFP confirméiert. Detailer iwwert den Inhalt vum Mandat d'arrêt, dee géint d'Bridder virläit, huet de Service net genannt.

Den Affekot vun de Bridder Joseph McBride huet an enger éischter Reaktioun erkläert, dass seng Mandanten onschëlleg wieren. Hie wier iwwerzeegt, dass si nees fräikommen, esoubal e kompetente Riichter d'Fakte géif gesinn.

Wéi de brittesche Parquet e Sonndeg matdeelt, géif een d'Ausliwwerung vun de Bridder fuerderen. Géint den Andrew Tate géing an 42 neie Fäll enquêtéiert ginn a géint den Tristan Tate a 17 neie Fäll. Donieft lafen a Groussbritannien schonn eng ganz Partie Enquêten. Et geet ënner anerem ëm Steierhannerzéiung a Geldwäsch. Den Andrew Tate kritt iwwerdeems an enger Partie Fäll Vergewaltegung reprochéiert.

Back to Top
CIM LOGO