E laacht an d'Kamera vu sengem Computer a säin Hawaii-Hiem stécht direkt an d'A. Géif een am Hannergrond net Regaler vollgeprafft mat Bicher gesinn, da kéint ee schonn drun zweiwelen, datt een et mat engem Universitéitsprofesser ze dinn huet, mat engem fréieren, well antëscht ass den Heinz Bouillon an der Pensioun. Am Fong heescht en och guer net Heinz, mee Henri, fir korrekt ze sinn, oder souguer Henri Joseph, fir och nach komplett ze sinn.
A genee esou wéi vill Lëtzebuerger Nimm eppes aussoen, wou de Virnumm gäre franséisch an den Nonumm gären däitsch kléngt, esou seet och den Numm vun eisem Gaascht am Sonndesinterview eppes aus: Den Henri/Heinz Bouillon, Joergang 1949, ass zu Weywertz an der Belsch gebuer. Dat läit um bekannte Vëloswee Vennbahn a gehéiert zu der Gemeng Bütgenbach, déi deem engen oder aneren dierft bekannt si wéinst hirem Séi oder wéinst der noer Torflandschaft Hohes Venn.
Eng 40 Kilometer sinn et vun der Lëtzebuerger Grenz bis op Weywertz, dat an der Ost-Belsch läit an zu den Ost-Kantone gehéiert respektiv zu der däitschsproocheger Communautéit vun der Belsch, offiziell Deutschsprachige Gemeinschaft Belgiens, mat hirer "Haaptstad" Eupen. Vill Lëtzebuerger dierfte mat där Regioun awer an éischter Linn Sankt Vith identifizéieren.
Datt den Henri Bouillon sech Heinz nennt, kënnt also net vun ongeféier. Seng Mammesprooch wier Däitsch, esou den Heinz Bouillon, deen awer och e Lien zum Lëtzebuergeschen huet, well seng Originne leien, wann een esou wëll, ganz no beim Grand-Duché: "Mäi Papp ass vun Hachy, Häerzeg op Lëtzebuergesch, tëscht Arel an Habay geleeën." E staamt also aus deem lëtzebuergeschsproochegen Deel vun der belscher Province de Luxembourg.
"Mäi Papp hat als éischt Sprooch Lëtzebuergesch." E wier kuerz nom Éischte Weltkrich op d'Welt komm a wéinst dem Krich hätt ee sech dunn do méi op déi franséisch Sprooch fokusséiert. Zu Arel wier säi Papp zum Schoulmeeschter ausgebilt ginn a wéi nom Zweete Weltkrich vill Leit aus dem däitschsproochegen Deel vun der Belsch no Däitschland geflücht sinn, wier en dohi geschéckt ginn. A well en dunn do seng Fra kenne geléiert hätt, wier en och do bliwwen. "Und der Rest, der sitzt vor Ihnen hier", laacht den Heinz Bouillon am Videocall.
Wéi gutt en drop ass, weist och de Fotochoix, deen e mailt, fir den Interview ze illustréieren. Op engem Souvenirsbild vu Madagaskar huet en eppes wéi en Af um Kapp ... Ob privat oder als Proff, e koum op alle Fall ganz schéi ronderëm.
Déi vill Sproochenaflëss a jonke Jore sinn net ouni Konsequenzen op d'Beruffsliewe vum Heinz Bouillon bliwwen: En huet Germanistik op der Université catholique de Louvain (UCL) studéiert a mam Dokter an der Linguistik ofgeschloss. Dunn huet et en an den Enseignement gezunn, vun Enn den 1990er bis 2016 war en als Proff op der UCL a vun 2004 bis 2009 war e souguer Doyen vun der Faculté de Philosophie et Lettres. Zu de Coursen, déi e ginn huet, hunn ënnert anerem gehéiert: "Deutsche Sprache", "Didaktik: Deutsch als Fremdsprache" a "Wirtschaftliche, juristische, soziale und politische Gegebenheiten der deutschsprachigen Länder."
Den Heinz Bouillon betount, datt e sech dozou am Interview äussert, well si "eine besonders gute Studentin war", soss hätt en aus Respekt virun der Privatsphär kee Wuert gesot: "Ich habe vor ihr eine sehr große Hochachtung, sie ist nämlich eine schöne Persönlichkeit mit einer ganz großen inneren Stärke." Dat wier allemol säin Androck vun der haiteger Grande-Duchesse."Ich habe ihr eine der allerbesten Noten gegeben, die ich geben konnte an der Uni. Ja, ja, ja, das ist amtlich festgehalten. Das ist in den Diplomen."
Heinz (Henri) Bouillon
D'Missioun vum Rot ass d'Orthografie vun der däitscher Sprooch, wou sech jo ëmmer nees nei Froe stellen an Upassungen néideg sinn. Jorelaang gouf do och zum Beispill ganz kontrovers iwwer eenzel Kommareegelen an iwwer d'Genderen diskutéiert. [Transparenz-Hiweis: Vun 2021 bis 2023 waren den Heinz Bouillon an den Auteur vun dësem Artikel zäitgläich am Rat für deutsche Rechtschreibung.]
Am Rat für deutsche Rechtschreibung louch dem Heinz Bouillon deen didaktesche Bléck ëmmer besonnesch um Häerz.
A fir nach eppes huet e sech staark gemaach: fir d'Fritten. Awer manner aus kulinareschen a méi aus linguistesche Grënn, well et goung him ëm déi lokal Ausprägunge vun der däitscher Sprooch, déi jo beileiwen net iwwerall d'selwecht ass: "Da haben wir viele Wörter gemeinsam mit den Luxemburgern und auch ein bisschen mit den Schweizern."
"Die Fritten setzen sich als Wort jetzt immer mehr in Deutschland durch."
En anert Beispill wier de Protokoll, am belschen Däitsch stéing dat Wuert fir "Strafzettel", esou wéi och dacks am Lëtzebuerger Däitsch. Iwwerhaapt hätten d'Ost-Kantone mat Succès eng eegen Identitéit entwéckelt an do géif och d'Sprooch eng Roll spillen: "Wir spielen auf die Mehrsprachigkeit, wir setzen auch auf unsere Flexibilitéit."
Mee d'Belsch an d'Sproochen, dat ass jo esou eng Saach. Den Heinz Bouillon gesäit dat awer manner dramatesch, déi eenzel Regioune wieren einfach mat ënnerschiddleche Vitessen ënnerwee, fir sech ze entwéckelen, an déi gutt Performancen op der Futtball-Weltmeeschterschaft hätten d'Nationalgefill schonn e bësse gestäerkt. "Die Leute haben zueinander gefunden." Et géif ee sech och géigesäiteg besichen, also Flamen a Wallounen, mee "die Politik ist was anderes".
Och d'Annonce vun enger Autobunnsvignette mécht dem Heinz Bouillon net all zevill Kappzerbrieches, och wann d'Lienen tëscht dem Grand-Duché an der Ost-Belsch ganz enk wieren: "Luxemburger sind heutzutage auch unser Arbeitgeber."
Mee esou eng Vignette wier einfach "eine vun den multiplen Varianten des belgischen Staates Geld einzutreiben. Wir haben ein Loch von 10 Milliarden Euro und irgendwie wird da jeder zur Kasse gebeten." Am Fong géif en et bedaueren, mee iergendwéi kéint een et och verstoen, et dierft just net diskriminatoresch sinn. An d'Lëtzebuerger sollten de Belsch dat net iwwelhuelen: "Ihr habt ja auch vill billigeres Benzin."
An dësem Sënn: Eise belschen Noperen e schéinen Nationalfeierdag gewënscht.