Festival de la BD zu ConterFans sti stonnelaang an der Schlaang fir en Autogramm vum Don Rosa

Monique Kater
E grousse Star aus dem Haus Disney war zu Conter mat dobäi, fir de Fans en Autogramm ze ginn.
Festival de la BD zu Conter
Fans sti stonnelaang an der Schlaang fir en Autogramm vum Don Rosa

Fir vill Fans ass de Festival de la BD zu Conter e klengt Highlight am Joer. Wann dann och nach esou e bekannten Zeechner wéi den Don Rosa dobäi ass a sech fir seng Fans, déi deels stonnelaang an der Schlaang stoungen, Zäit hëlt, gëtt dat Highlight nach eng Kéier méi grouss.

Zu Conter trëfft een awer net just grouss international Kënschtler, mä och Lëtzebuerger, déi schonn eegen Zeechnungen a Bicher erausbruecht hunn, esou wéi de Lucien Czuga oder de Ricco Martini. Och d'Fans, Grouss a Kleng, kommen aus der Groussregioun gären heihinner a vill vun hinne schonn zanter Joren a Joerzéngten.

Back to Top
CIM LOGO