Sponsored ContentSéchert är Donnéeën op ärem Smartphone of!

RTL Lëtzebuerg

Mir waren all scho vu Cyberattacke wéi déi heite betraff: „Completéiert är Donnéeën op ärem Konto fir weider ze kommen.“ „Äre Pak ass op der Douane blockéiert, fëllt de Formular aus fir en ze deblockéieren“, oder och nach „Mir brauchen nach follgend Informatioune, fir är Commande definitiv ze validéieren“. …  esou Messagen, déi oft op e Lien vun enger Internetsäit verweisen, déi genee esou ausgesäit, wéi déi déi dir scho kennt, sinn nëmmen e puer Beispiller vun neie Cybermenacen virun deene mir eis all onbedéngt schütze sollten.

Jidderee ka mol an eng Fal geroden. Et geet duer, dass een ee Moment net grad oppasst a schonn ass et geschitt, eis Donnéeë sinn an d’Hänn vun Hackere geroden, déi se da fir hir kriminell Aktiounen ausnotzen.

Op eisem Smartphone ginn et ëmmer méi Fäll vun Donnéeën, déi iwwer SMS oder E-Mail, mä och iwwer falsch Internetsäiten, illegal Logiciellen oder och nach duerch Virusse geklaut ginn,… an dëse Phänomen gëtt ëmmer méi schlëmm. Der UNO no, gëtt et all 39 Sekonnen iergendwou op der Welt eng Cyberattack. 2023 hunn déi Attacken, dem Cyper-Expert Allot no, ëm 150% zougeholl.

Et ass deemno evident, dass jiddereen sech dogéint schütze muss. Zu Lëtzebuerg ass Tango deen eenzege Service Provider, dee senge Clienten eng einfach Léisung fir dee Probleem proposéiert. Net Protect heescht déi Spëtzentechnologie, déi kriminell Sitten, falsch SMSen oder och de Vol vun Donnéeën (Phishing) op ärem Smartphone verhënnert. De System verstäerkt sech all Sekonn automatesch, fir ëmmer géint déi rezentste Menacen unzekommen.

2023 huet dës Technologie konnten, fir d’Clientë vun Tango, 11 Milliarden online Connexiounen analyséieren. Vun deem kolossale Chiffer konnten 8,2 Milliounen illegal Connexioune blockéiert ginn.

Net Protect ass net nëmme ganz effikass, mä och ganz einfach ze gebrauchen. Et geet duer dass een de Service an der My Tango App oder am Tango Shop mat engem Klick aktivéiert. Net Protect schützt iech am Reseau vun Tango géint all Attack. Dir musst näischt extra op ärem Smartphone astellen. Net Protect funktionéiert zu Lëtzebuerg an am Ausland.

Schützt Iech elo!

Tango gëtt iech am Moment Geleeënheet, fir äre Smartphone wärend 6 Méint mat Net Protect gratis ze schützen, wann dir en Abo bei Tango ofschléisst. Wann dir no 6 Méint dës Protektioun behale wëllt, kascht se Iech nëmmen 2€ de Mount, ouni Engagement. Schützt äre Smartphone elo!

Weider Informatiounen

Back to Top
CIM LOGO