
Zu Lëtzebuerg wéi och an anere Länner, gräift dës Versécherung bei Schied vun engem Drëtten. Et stellt sech awer d’Fro: Ass och de Chauffer ofgeséchert? D’Äntwert ass Neen. Hien oder si brauch eng extra Versécherung, fir am Fall vun engem Accident ofgeséchert ze sinn.
D'Erklärungen vun der Agence AXA EasyNext Kirchberg :
Eng Versécherung fir d’Gefier an de Chauffer
Samschdes owes. Dir fuert vun enger Gebuertsdagsfeier an der Stad heem. Dir fuert op de Landstroossen an ier Dir reagéiere kënnt, leeft e Wëllschwäin iwwert d’Strooss a steet just virun Ärem Auto.
Dir geréit d’Déier vu vir an dat mécht sech séier an der Däischtert ewech. De Capot vun Ärem Auto ass gutt getéitscht. Ausserdeem sidd Dir bei der Kollisioun mam Kapp géint d’Lenkrad gestouss an hutt Iech verletzt.
No der Kontroll am Spidol gitt Dir gewuer, dass d’Gesondheetskees just en Deel vun de Käschten iwwerhëlt an Dir fir de Rescht opkomme musst. Wéi wann dat net scho genuch wier, kënnt d’Versécherung net fir d’Schied un Ärem Auto op, well Dir jo keng Garantie “Dommage matériel”, dacks “Vollkasko” zu Lëtzebuerg genannt, ofgeschloss hutt.
Fir bei engem Accident ofgeséchert ze sinn, deen Är Schold war, musst Dir eng extra Versécherung ofschléissen, déi d’Schied vun Ärem Gefier iwwerhëlt, mä déi och de Chauffer vum versécherte Gefier deckt. Déi Versécherung séchert Iech a jiddereen, deen Äert Gefier léint, of.
D’Ofsécherung vum Chauffer bei egal wéi ee Gefier
Ier ee fiert, muss ee sécherstellen, dass d’Ofsécherung vum Chauffer och wierklech an der Versécherung vum Auto mat dran ass.
Fir als Chauffer bei egal wéi engem Gefier, dat ee léint, ofgeséchert ze sinn, kann een eng spezifesch Chauffersversécherung ofschléissen. Dës Versécherung gëllt bei alle Gefierer, déi ee fiert, egal op se Iech gehéieren oder net an och wann d’Gefier keng Versécherung huet, déi och fir de Chauffer gëllt.
Eng Ofsécherung bei all Accident

Vëlo, elektresch Trottinette, Hoverboard, Eerad ... Fuert Dir dacks mat sou engem Stadsgefier fir eng Persoun? Déi lescht zwee Joere sinn ëmmer méi där neier, elektrescher Gefierer fir eng Persoun an de Stied opgetaucht. Mä dës speziell Gefierer stellen och Risiken duer. Accidenter sinn net rar a féieren heiansdo zu schlëmme Folgen.
Stellt Iech vir: Dir sidd mat enger Trottinette ënnerwee. Eng Sekonn net opgepasst a schonn hutt Dir Iech d’Handgelenk verletzt, well Dir e Lach an der Strooss iwwersinn hutt a gefall sidd. Wa just Dir selwer verletzt sidd, da musst Dir wëssen, dass Är Haftpflicht net fir d’medizinesch Käschten opkënnt, déi net vun der Gesondheetskeess iwwerholl ginn.
An dësem Fall braucht Dir eng Garantie “Accident” fir ofgeséchert ze sinn. Dat kann eng Erweiderung vun Ärer Autosversécherung sinn. Niewent Autosaccidenter ass et wahrscheinlech am beschten, dass ee sech fir all Accident verséchere léisst: Vëlosaccident oder Skiaccident, Falen an enger Trap ...
Déi verschidde méiglech Entschiedegungen
Déi medizinesch Käschten, déi een net vun der Gesondheetskeess zréckkritt, gi vun allen Accidentsversécherungen iwwerholl, déi fir en Auto, fir e spezifesche Chauffer oder fir all Zort vun Accident ofgeschloss gi sinn. Ganz dacks brauch een eng extra Optioun fir Mottoen an Extremsportaarten.
Dës Ofsécherunge gëllen dann och bei schlëmme Fäll, wou wéi méi Spidolskäschten ufalen. E Beispill: Dir sidd no engem Verkéiersaccident gelämt. An deem Fall gëtt Iech eng finanziell Entschiedegung fir Ären Handicap vun Ärer Versécherung ugebueden. Dës Zomm erlaabt et Iech, Äert Liewen ëmzestellen, Renovatioune fir Äert Doheem unzepassen, maachen ze loosen oder och Iech berufflech neiz’orientéieren.
Am Stiewesfall vun der versécherter Persoun gesinn all dës Versécherungen d’Ausbezuele vu Kapital un d’Famill vir.
Am Stiewesfall vun der versécherter Persoun gesinn all dës Versécherungen d’Ausbezuele vu Kapital un d’Famill vir. Kontaktéiert d’Agence AXA EasyNext Kirchberg fir Iech beroden a bei allen Démarche begleeden ze loossen.
