
Bestuet zesummen oder eenzel besteiert ginn? Wat ass besser?
Säit dem 1. Januar 2018 kënne bestuete an gepacste Koppele jee no hirer perséinlecher Situatioun entscheeden, wéi si wëlle besteiert ginn: zesummen oder eenzel.
Si kënne sech dofir entscheeden :
D’Entscheedung fir eng gemeinsam oder individuell Besteierung muss unhand vun enger gemeinsamer Demande, déi vun den zwee Partner muss ënnerschriwwe sinn, ugefrot ginn.
Dëst kënnt Dir unhand vun engem Online Formular op www.guichet.lu oder awer och duerch d’Iwwermëttlung vun dëser spezieller Demande un dat zoustännegt Departement vun der Steierverwaltung maachen.
Fir d’Steierjoer 2018 gëllt heibäi den 31. Mäerz 2019 als Stéchdag. Bis dohin muss sech d’Koppel entscheet hunn, fir wéi eng Form vun der Besteierung si sech decidéiert. Dës Decisioun ass onwidderrufflech. Sollt dës Demande net bis den 31. Mäerz 2019 eragereecht sinn, sou ginn bestuete Koppele ewéi bis elo zesumme besteiert a gepacste Koppelen och weiderhin individuell besteiert.
Elo wësst Dir awer ëmmer nach net, ob et finanziell fir Iech méi favorabel ass, Iech fir d’Eenzelbesteierung oder eng gemeinsam Besteierung ze entscheeden?
Den LCGB steet Iech zur Säit an offréiert senge Membere gratis Hëllef. Donieft informéiert den LCGB Iech och zu de verschidde Fräibeträg an Ännerungen, déi et mat der leschter Steierreform gouf an hëlleft senge Membere beim Ausfëlle vun der Steiererklärung.