Sponsored ContentTrust & Society Konferenz

RTL Lëtzebuerg

Huelt Deel un der interdisziplinarescher Diskussioun iwwer Vertrauen an Organisatiounen a Gesellschaft.

Eis Gesellschaften si mat enger Vertrauenskris konfrontéiert an ëmmer méi ëffentlechem Zynismus wat d'staatlech Institutiounen, d'Geschäftswelt, d'wëssenschaftlech Communautéit, d'ONGen, d'etabléiert Noriichtemedien an aner Acteuren ugeet. Dat huet grouss praktesch Auswierkungen. D'Trust & Society-Konferenz, déi den 19. an 20. Juli an der Stad Lëtzebuerg stattfënnt, bréngt interdisziplinär Fuerscher a Leit aus der Praxis zesummen, déi am Zesummenhang mat dësem allgemenge Réckgang vum Vertraue mat enger Rei vun Erausfuerderunge konfrontéiert sinn.

D'Trust & Society-Konferenz gëtt Abléck an d'Aarbecht vu féierenden Akademiker, déi Vertrauen aus verschiddene Perspektive studéiert hunn. Dozou komme Bäiträg vu wichtegen Decideuren, dorënner och de Pierre Gramegna, den aktuellen Direkter vum europäesche Stabilitéitsmechanismus a fréieren Ambassadeur a Finanzminister vu Lëtzebuerg.

Den Här Gramegna hält d'Keynote-Ried zum Theema: „Vertrauen: E wesentleche Faktor an der Diplomatie an de politeschen Handlungen“. D'Erëffnungsried gëtt vun H.E. Virginia Gamba, Secrétaire générale adjointe vun der UNO, zum Theema „Engagementer, déi Vertrauen opbauen, an d'Agenda fir Kanner a bewaffnet Konflikter“ gehalen.

Eng divers Auswiel un innovativer akademescher Fuerschung gëtt presentéiert, dorënner e Virtrag zu „KI, d'Vulnerabilitéit vun den Employéen an d'aktiv Gestioun vum Vertrauen“ vum Prof. Antoinette Weibel vun der Universitéit vu Sankt Gallen. De Prof. Simo Maršić gëtt Abléck an d'Theema „Opbau vu Vertrauen an der Jugend a Bosnien an an Herzegowina an der Nokrichszäit“, an de Prof. Epiphane Kinhoun diskutéiert „D'Kredibilitéit vun der Service-Learning-Pädagogik an der Universitéitsformatioun: Fir eng Vertrauensdynamik tëschent Universitéit a Gesellschaft“.

Eng Paneldiskussioun zitt d'Conclusioune vun dëser Fuerschung fir d'Gesellschaft. De Panel besteet aus verschiddene Riedner: Françoise Thoma, CEO vun der BCEE, Marc Crochet, Generaldirekter vu Caritas Lëtzebuerg, déi e prakteschen Abléck bäidroen. Dono diskutéieren de Prof. Robert Bies vun der Georgetown University, de Prof. Laurie Barclay vun der University of Guelph an de Prof. Tom Tripp vun der Washington State University d'Theema „Vertrauen an d'Leaderen an an d'Institutiounen nees opbauen“.

D'Aschreiwung ass gratis esouwuel fir op der Plaz deelzehuelen, wéi och virtuell. D'Haaptkonferenz fënnt an der Luxembourg School of Religion & Society, 52, rue Jules Wilhelm, L-2728 Lëtzebuerg, beim Kierchbierg, statt. D'Keynote-Ried vum Pierre Gramegna gëtt den 19. Juli vun 18 bis 20 Auer an der Bourse vu Lëtzebuerg gehalen.

D'Konferenz gëtt organiséiert vun Trust & Society – The Global Network on Trust, e Fuerschungsnetzwierk, dat Fuerscher, déi sech mam Theema Vertraue beschäftegen, mat Leit aus der Praxis, Institutiounen, politeschen Decideuren, Leadere vu reliéise Gemeinschaften, asw. zesummebréngt. Säin Zil ass et, d'Resultater vun innovativer Fuerschung un d'Leit ze vermëttelen, déi dës Abléck an hirer Aarbecht kënne benotzen. Dës Konferenz ass eng weider Geleeënheet fir Leit mat ënnerschiddlechen Hannergrënn zesummenzebrénge fir e fruchtbaren interdisziplinareschen Dialog ze féieren.

Fir de komplette Programm vun der Trust & Society-Konferenz klickt hei a fir Iech gratis anzeschreiwe klickt hei. D'Plazen si limitéiert, schreift Iech dofir fréi an. De leschten Delai ass de 15. Juli.

Back to Top
CIM LOGO