Sponsored ContentVëlosummer 2023: Lëtzebuerg trëtt an d'Pedallen!

RTL Lëtzebuerg

Den 29. Juli ass den Depart vun der véierter Editioun vum Vëlosummer 2023, en touristesche Vëlosprogramm duerch d'ganz Land. Experten am Cyclissem, Amateure vu frëscher Loft oder Frënn vun aussergewéinlechen Evenementer... Dir braucht net weider ze sichen: De Vëlosummer wäert Iech mat senge 500 km Touren a sengem lokale Flair begeeschteren.

De Vëlosummer, dee vum Tourismusminister Lex Delles a vum François Bausch, Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten, presentéiert gouf, huet zanter 4 Joer een an datselwecht Zil: den Awunner, de Frontalieren an den auslännesche Visiteuren d'Méiglechkeet ginn, déi ganz Palette vun der touristescher Offer zu Lëtzebuerg kennenzeléieren , awer och de Vëlo nei z'entdecken.

De Vëlosummer gouf vun der Generaldirektioun fir Tourismus a vum Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte lancéiert a fënnt vum 29. Juli bis de 27. August 2023 statt. An enker Zesummenaarbecht mat de Gemengen, de regionalen Tourismusverbänn (ORT) an de Ponts et Chaussées goufen eng Rei touristesch Vëlosrouten entwéckelt. D'Touristen an d'Awunner kënnen iwwer 500 km duerch déi verschidde Regioune vum Land fueren, wouvunner der 112 km fir d'Vëlosfuerer reservéiert sinn. D'Vëlosroutë goufen no bestëmmte Critèren ausgewielt: Se mussen interkommunal sinn a fir verschidden Altersgruppen an all Zort vu Vëlo gëeegent sinn.

58 Gemengen, Naturparken an ORTen hunn op den Opruff fir de Projet vun der Editioun 2023 geäntwert fir d'touristesch Héichpunkte vun hirer Regioun ze valoriséieren. „Déi véiert Editioun versprécht flott Iwwerraschungen. Vun den 12 Tier, déi proposéiert ginn, sinn der 4 nei.  Et ass fir  jiddwereen eppes dobäi: de Sportler, wéi d'Familljen oder Vëlosfrënn déi wëllen e confortabelen Tour maachen“, präziséiert den Tourismusminister Lex Delles.

Exklusiv fir dës nei Editioun

Vun den 12 Tier ginn der 8 wärend engem oder méi Weekender organiséiert. 4 sinn e ganze Mount laang zougänglech. „Fir d'éischte Kéier bitt de Vëlosummer de passionéierte Cyclisten d'Méiglechkeet, iwwer déi belsch an déi franséisch Grenz ze fueren“, sou de François Bausch, Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten.

Eng Léisung fir nohaltegen Tourismus

Nieft der Valorisatioun vun der touristescher Offer vun eisem Land, huet de Vëlosummer och zum Zil, den nohaltegen an ëmweltfrëndlechen Tourismus ze fërderen. Et ass eng Initiativ, déi dem Vëlo op de Stroossen d'Prioritéit gëtt an déi verschidde Strecke sinn och signaliséiert.

Dat Ganzt gouf méi zäitgeméiss gestalt: D'Panneauen hale laang, d'Material ass deelweis recycléiert an d'Signalisatioun ass méi siichtbar. Den Aspekt vun der sozialer Verantwortung geet awer nach weider, well d'Holz vun den ale Schëlder en zweet Liewe kritt fir Këschten a Vullenhaisercher ze bauen.

Praktesch Informatiounen an der Täsch

D'Toure si fir verschidde Profiller gëeegent: Sportler, Wanderer, Familljen, … D'Informatiounen an d'Detailer vun all Tour sinn disponibel um Site VisitLuxembourg oder an der App VisitLuxembourg – Äre Reesbegleeder, deen Dir gratis op Google Play oder am App Store kënnt eroflueden.

D'Kaart vum Vëlosummer 2023, ass um Site disponibel, an illustréiert d'Parcoursen, d'Restauranten, d'Hoteller, d'Vëlosservicer (Wäschanlagen, Reparatioun an Opluetstatiounen) an d'touristesch interessant Sitten. D'Kaart kann een sech eroflueden, oder se gratis heem geschéckt kréien.

Dir fannt dorop och d'Zort vun Tier – op se Natur- oder Kultur verbonne sinn oder béides - an Detailer fir all Tour: kierzten Aller-Retour, Tour a Kombinatioun mam Zuch, de Schwieregkeetsgrad an Tuyauen a Rotschléi fir d'Familljen.

Zousätzlech fannt Dir um Site all d'Informatiounen iwwer Evenementer, Animatiounen a Plazen um Tour, wou een eppes kann iessen. Dir kënnt Iech also net verfueren!

Affiliéiert Servicer

Verschidde Servicer ginn de Participanten ugebuede fir hinnen d'Liewe méi einfach ze maachen. Hoteller a Campingen, déi „bed+bike“ zertifiéiert sinn a gratis en zouene Raum fir d'Vëloen zur Verfügung stellen, ginn um Site opgezielt. De Service „Move we carry“ proposéiert de Cyclotouristen, hiert Gepäck vun engem Hotel an den aneren ze transportéieren.

Fir déi, déi dëst liesen a sech Suerge maachen, well se kee Vëlo bei Hand hunn: Vëloe kënnen an engem vun de „Rent a bike“ uechtert d'Land gelount ginn.

Eng riseg Schatzsich

Eng nei Funktioun vun der VisitLuxembourg-App wäert de Spiller ënnert Iech gefalen. D'„VisitLuxembourg Challenges“ invitéieren d'Vëlosfuerer, op verschiddenen interessante Punkten anzechecke fir esou vill wéi méiglech Punkten ze sammelen an d'Chance ze kréien, flott Präisser ze gewannen.

Dës Editioun mat hiren Exklusivitéiten ass also villverspriechend a mir wënschen hir de selwechte Succès wéi dem Vëlosummer 2022. Bal 30.000 Participante goufe gezielt, mat 123.300 Klicks um Site an 392 Fotoen an de sozialen Netzwierker. Dat sinn Zuelen, déi een encouragéieren, et fir dës véiert Editioun nach besser ze maachen. Profitéiert also dëse Summer vum Vëlo!

Méi Informatiounen op eisem Internetsite

Back to Top
CIM LOGO