E Mëttwoch, 15. Mee war den Depart vun der Mille Miglia 2019. Wéi gewinnt gouf dëse prestigiéisen Oldtimer-Rallye a 4 Etappe gefuer.

Vun 430 Autoen, déi e Mëttwoch zu Brescia un den Depart goungen, sinn der 377 no 1.801 km nees zu Brescia ukomm. Ongeféier 40 Stonnen souzen d'Konkurrenten an dëse 4 Deeg an hiren Oldtimer.

Déi 92ten Editioun gouf vum sizilianeschen Pilot Giovanni MOCERI (hien ass en Dokter vu Palermo) mat sengem Co-Pilot dem Daniele BONETTI (e Journaliste vu Brescia) op enger Alfa Romeo 6C 1500 SS Baujoer 1928 gewonnen.

© Jacques Joseph

Zweet gouf den Equipage Andrea VESCO / Andrea GORINI (alle béid vu Brescia) op enger Alfa Romeo 6C 1750 SS Zagato vun 1929.

© Jac

Déi drëtt Plaz war fir de Vainqueur vum leschte Joer, den Argentinier Juan TONCONOGY / Barbara RUFFINI op engem Bugatti Type 40 vun 1927.

© Jacques Joseph

Vun de 5 Lëtzebuerger, déi un den Depart goungen, sinn der um Enn 4 an d'Zil komm.

Hei déi 4 Etappen am Detail:

- De 15. Mee: vu Brescia iwwer Mantova, Ferrara a Ravenna op Cervia-Milano Marittima
- De 16. Mee: vu Cervia-Milano Marittima iwwer Cesenatico, Senigallia, Assisi, Perugia, Terni a Rieti op Roum
- De 17. Mee: vu Roum iwwer Viterbo, Siena, Pistoia, Montecatini Terme a Florenz op Bologna
- Den 18. Mee: vu Bologna iwwer Modena, Parma, Cremona a Montichiari nees zeréck op Brescia

Dëst Joer goufen nëmme 430 Oldtimeren ugeholl, dat sin der 20 manner wéi bei deenen Editioune virdrun. Ënnert hinnen och 5 Lëtzebuerger Equipagen:

- Mat der Startnummer 7: Albert WETZ / Romain COLLE op enger O.M. 665 S MM Superba 2000 vun 1927
- Mat der Startnummer 38: Vanni CURRIDOR / Goy FELTES op enger Bugatti Type 38 Gran Sport vun 1927
- Mat der Startnummer 73: Marco ROLLINGER / Raymond NIESEN op enger Alfa Romeo 6C 1750 SS Zagato vun 1929
- Mat der Startnummer 202: Marc LENERT / Marc NIEDERKORN op enger Lancia Aurelia B21 vun 1951
- Mat der Startnummer 382: Dany ROLLINGER / Paul FLESCH op enger OSCA MT4 1100 2AD vun 1955

RESULTATER vun de Lëtzebuerger

Klassement no der 1. Etapp:

60. Albert WETZ / Romain COLLE
84. Vanni CURRIDOR / Goy FELTES
118. Dany ROLLINGER / Paul FLESCH
179. Marc LENERT / Marc NIEDERKORN
253. Marco ROLLINGER / Raymond NIESEN

Klassement no der 2. Etapp:

47. Wetz/ Collé
87. Curridor/Feltes
93. Dany Rollinger/Flesch
167. Marco Rollinger/ Niesen

Den Equipage Marc Lenert-Marc Niederkorn op hirem Lancia Aurelia B21 huet wéinst engem gebrachene Cardan missen opginn.

Klassement no der 3. Etapp:

45. Wetz/ Collé
85. Curridor/Feltes
195. Dany Rollinger/Flesch
278. Marco Rollinger/ Niesen

Klassement no der 4. a leschter Etapp:

46.Wetz/ Collé

88. Curridor/Feltes

192. Dany Rollinger/Flesch

273. Marco Rollinger/ Niesen