
Dëst wier d’Konsequenz aus der aktueller sanitärer Kris.
D’Biergcourse sollt de Weekend vum 1. bis 3. Mee gefuer ginn. Et wier zwar nach laang bis dohin, ma et wéilt een evitéieren am allerleschte Moment mussen ofzesoen, jee nodeem wéi d’Situatioun sech entwéckelt, sou de President Alain Pier. Et fueren all Joer eng ronn 200 Piloten aus ganz Europa bei dëser Course mat a bis zu 4'000 Zuschauer fannen de Wee op Eschduerf, fir bei dësem Motorsport-Event dobäi ze sinn. Do wier de Risiko vun enger Verbreedung vum Covid-19 einfach ze grouss.
Dofir hätt een d’Entscheedung elo scho geholl, fir virzäiteg déi traditionell Biergcourse vun Eschduerf ofzesoen. Et gouf dann och decidéiert, net no engem aneren Datum ze sichen, dëst well et immens schwéier gewiescht wier eng gutt Alternativ ze fannen. De Kalenner vun de Biergcourssen ass gutt gefëllt, an nach emol en Rendez-vous ze fannen, wou all implizéiert Serien Zäit gehat hätten nees op Eschduerf ze kommen, wier utopesch gewiescht.
Nodeems een 2019 scho wéinst dem Begriefnis vum Grand-Duc Jean den Event ëm 1 Dag huet musse kierzen, wat mat grousse finanziellen Abousse verbonne war, kann een 2020 net nach emol riskéieren d’Course kuerzfristeg mussen z’annuléieren, dofir hätt een déi Decisioun elo scho geholl, fir dass all implizéiert Piloten a Partner sech mat Zäiten dorop kënne virbereeden a jiddereen d’Méiglechkeet huet, seng Saison anescht ze plangen.