De 7. Juni sollt d'Formel 1 an d'Saison starten. Ma elo gouf och dëse Grousse Präis wéinst der Corona-Pandemie verluecht.

Dat hunn déi Responsabel e Sonndeg an enger Krisesëtzung decidéiert.

Genau wei den Automobil Club de Monaco (ACM), kann och Baku wéinst der Ausgangsspär net confirméieren, dass d'Infrastrukturen bis den 7. Juni opgebaut wieren. Eng Ofso, déi Monaco entaméiert huet, gouf fir den Ament awer nach net.

Domat steet fest, dass Formel 1 Saison 2020 an d'Geschichtsbicher vum Motorsport wäert agoen. Nach ni goung eng Saison vun der Kinneksklass esou spéit un wie dëst Joer. Den aktuellen Rekord hält momentan d'Saison 1951. Deemools goufen den 27. Mee eréischt déi éischt WM-Punkten beim Grousse Präis an der Schwäiz (Bremgarten) verdeelt.