Nieft WEC-ProgrammDylan Pereira start an der ADAC GT Masters mam Team Bernhard

RTL Lëtzebuerg
Nieft sengem Engagement op Aston Martin an der WEC, fiert de Lëtzebuerger Dylan Pereira dës Saison och op Porsche bei den ADAC GT Masters.
© Team75 Motorsport / Siegerdesigns

Den Dylan Pereira wäert e gutt gefëllten Agenda 2021 hunn. Wéi de Sportzaldot dëse Freideg annoncéiert huet, wäert hien dës Saison och d’ADAC GT-Masters, also déi däitsch GT3-Meeschterschaft, an Ugrëff huelen. Hien ass ee vu véier Piloten vum KÜS Team Bernhard vum duebele LeMans-Gewënner Timo Bernhard (Victoire 2010 mat Audi an 2017 mat Porsche). D’Team Bernhard setzt 2021 zwee Porsche 911 GT3 R an de GT Masters an. Am Auto #74 wiesselt sech den Dylan Pereira mam jonken däitsche Pilot Jannes Fittje of, dee schonn d’lescht Joer fir d’Team Bernhard ënnerwee war.

De Lëtzebuerger wäert am Team Bernhard iwwregens mat ganz renomméierte Piloten zesummeschaffen. De Schwësterauto #75 gëtt nämlech vum aktuelle GT-Masters-Champion Christian Engelhart a vum Porsche-Wierkspilot Thomas Prening pilotéiert.

Den Dylan Pereira freet sech op déi nei Erausfuerderung an de GT Masters: „Dat ass fir mech eng vun den usprochsvollste Meeschterschaften an Däitschland. Et ass natierlech och flott, dass ech beim KÜS Team Bernhard engagéiert sinn. Ech menge, mir wäerte gutt zesummeschaffen. Ech hoffen, dass mir zesumme Succès hunn, an ëm Victoiren an am beschten esouguer ëm den Titel kämpfe kënnen.“

D’ADAC GT Masters sinn e rengrassegt GT3-Championat. Déi 33 Startplaze an der selwer ernanntener „Liga der Supersportwagen“ ware schonn am leschten Hierscht komplett verginn. Nodeems déi bekannten DTM decidéiert huet, vun 2021 un och op d’GT3-Klass ze setzen, ass tëscht ADAC an DTM eng grouss Rivalitéit entstanen. Den ADAC ass awer houfreg dorobber, dass seng GT Masters de Statut vun der offizieller däitscher GT3-Meeschterschaft hunn. D’GT Masters ginn neierdéngs vun eise Kolleege vun RTL Nitro live iwwerdroen.

Den Dylan Pereira huet fir 2021 deemno en duebele Programm. Nieft de GT Masters mam Team Bernhard geet hien jo och nach an der Laangstrecke-Weltmeeschterschaft WEC op engem Aston Martin vun TF Sport un den Depart. Tëscht béide Championnater gëtt et eng Iwwerschneidung, an zwar de Weekend vum 13. Juni, wou d’WEC zu Portimao fiert, an d’GT Masters zu Spielberg Statioun maachen. Den Dylan Pereira wollt awer nach net verroden, wéi e Championnat an deem Fall Prioritéit huet.

De komplette Kalenner vum Dylan Pereira

1. Mee WEC 6h Spa/B

15.+16. Mee GT Masters Oschersleben/D

12.+13. Juni GT Masters Spielberg/A ODER

13. Juni WEC Portimao/P

10.+11. Juli GT Masters Zandvoort/NL

18. Juli WEC 6h Monza

7.+8. August GT Masters Nürburgring/D

21.+22. August WEC 24h LeMans/F

11.+12. September GT Masters Lausitzring/D

26. September WEC 6h Fuji/J

2.+3. Oktober GT Masters Sachsenring/D

23.+24. Oktober GT Masters Hockenheim/D

20. November WEC Bahrain/BHR

Dylan Pereira an der WEC op Aston Martin Vantage

Back to Top
CIM LOGO