Vun der Pole Position gestart, huet et déi éischt Ronnen esou ausgesinn, wéi wann de Larry Ten Voorde dës Course kéint bis zum Enn dominéieren.

No der Safety-car-Phas dunn huet de Bastian Buus dem zweemolege Champion kee Spillraum méi fir Feeler gelooss a konnt sech zwou Ronne viru Schluss mat engem spektakulären Iwwerhuelmanöver op déi éischte Plaz kämpfen.

De Bastian Buus an de Larry Ten Voorde hu sech bis an déi leschte Kéier e spannenden Zweekampf ëm déi éischt Positioun geliwwert, déi de jonken Dän bis zum Schluss verdeedegt huet.

Den Harry King goung als 11. an d'Course, ma konnt sech nach bis op déi drëtte Positioun no vir kämpfen. No der Course huet de Britt awer seng drëtte Plaz verluer. Hie krut eng 10-Sekonne-Strof, well en een Accident verursaacht hat, an ass op déi 10. Plaz zeréckgefall. Iwwert déi lescht Plaz um Podium konnt sech de Leon Koehler aus Däitschland freeën.

Leader am General ass elo de Bastian Buus.