Yann Munhowen mat duebelem Asaz dëse Weekend

© Privat / Patrick Funk Fotograf Nürburgring
Nieft dem Steve Jans an dem Dylan Pereira ass kuerzfristeg nach en drëtte Lëtzebuerger an der Startlëscht vun der 24-Stonne-Course opgedaucht.
Et handelt sech heibäi ëm de Yann Munhowen, dee ganz kuerzfristeg gefrot gouf, fir bei de legendäre 24 Stonnen um Nürburgring un den Depart ze goen, dëst op engem Porsche Carrera 911.
Hien deelt sech den Auto mat 3 däitsche Piloten. Et sinn dat de Sebastian Rings, den Andreas Schaflitzl an den John Lee Schambony. Mat hirem Porsche fuere se an der Klass "V6". Am Qualifying ass et scho richteg gutt gelaf, a si konnten hei op Plaz 2 an hirer Klass fueren. Am Generalklassement war dat gläichbedeitend mat Plaz 88 vun 126 Starter.
Och am Rahmeprogramm am Asaz
Ma domat awer nach net genuch... wann ee schonn um Ring ass de Weekend, kann ee jo och nach bei der ADAC 24h-Classic matfueren. Hei ass de séiere Lëtzebuerger op engem BMW E21 323i Groupe 2 gemellt, zesumme mam Sebastian Tauber an dem Dennis Voll. Si hunn d'Startnummer 156. Nom Qualifying 1 an 2 war et Plaz 82 ënner 201 Starter.

© JB Lassaux
E Samschdeg de Moien um 9.10 Auer ass et dann den Depart vun der 3-Stonne-Course an der ADAC 24-Classic, éier um 16 Auer de Start vun der 24-Stonne-Course ass. Deemno e gutt gefëllte Programm fir de Yann Munhowen, deen eis iwwregens matgedeelt huet, dass hien e Samschdeg de Moien de Start um BMW 323i wäert fueren.
Schluss-Stint um Carrera
Bei der 24-Stonne-Course ass den éischten Asaz tëscht 19 an 20 Auer geplangt, deemno klëmmt en als Véierten an den Auto mat der Startnummer 416. Wann alles richteg klappt, da sëtzt de Yann Munhowen och am Porsche Carrera, wann e Sonndeg um 16 Auer d'Course eriwwer ass. Hien ass fir déi lescht Stonn ageplangt.