D'Zil ass et, et besser ze maache wéi déi lescht Saison, sou de Grégoire Munster
Mam Rallye Monte Carlo fänkt dës Woch d'Rallye-Weltmeeschterschaft un.
Am Virfeld vun der Saison stoung de Grégoire Munster eis Ried an Äntwert. Am RTL-Interview kuckt hien awer och zeréck op seng éischt Saison an der WRC.
Den Optakt war schwéier, mat e puer Sorties de Routes. Virun allem um Enn vun der Saison konnt de Lëtzebuerger awer iwwerzeegen, dat mat direkt zwou Top-5-Plazen. Ënnert anerem duerch dës Resultater gouf säi Kontrakt bei Ford verlängert. Dat war och säin Haaptzil, fir mat där Mark an der WRC weider ze fueren an net an de Rallye II zeréckzegoen.
Den Ament ass de 27 Joer ale Pilot op Asphalt nach méi séier wéi op anere Surfacen. Dat huet domadder ze dinn, datt hien haaptsächlech an de leschte Joren an der Belsch, an Däitschland an och bei eis am Land op Asphalt ënnerwee war.
Nodeems d'Piloten an de leschte Joren op Pirelli Pneue gefuer sinn, ginn dëst Joer Hankook Pneuen op d'Felge montéiert. De Grégoire Munster hofft, datt erfuere Pilote wéi den Thierry Neuville oder och nach de Sébastien Ogier eng Zäit brauchen, fir sech un deen neie Gummi ze gewinnen an datt doduercher d'Feld nach méi enk zesumme réckelt.
Am Virfeld vum Rallye Monte Carlo gouf annerhallwen Dag an a ronderëm Monaco getest. Déi Tester ware ganz positiv an hie freet sech dës Course elo ze fueren. Virun allem an der Nuecht mat den dausende Spectateuren, déi fir eng immens Stëmmung suergen. Hie seet awer och, datt hien am Prinzip léiwer am Dag fiert wéi an der Nuecht.
De Grégoire Munster ass sech bewosst, datt hien dës Saison nach net ëm de Weltmeeschtertitel ka matfueren an datt och de Konstrukteurstitel fir Ford keen Thema ass. An der zweeter Saison geet et fir de gebiertege Belsch drëm, vereenzelt gutt Resultater ze realiséieren an et besser ze maache wéi an der éischter Saison an der WRC. An där gouf hien ëmmerhin den 8. an der Weltmeeschterschaft.