Victoire a Schweden vum Elfyn Evans, Plaz 8 fir de Grégoire Munster

© Jonathan NACKSTRAND / AFP
Bei der zweeter Manche vun der Rallye-Weltmeeschterschaft hunn d'Equipagen a Schweden op Äis a Schnéi ëm d'Victoire gekämpft.
D'Wiederkonditioune ware quasi perfekt, veräiste Strecken, net ze vill neie Schnéi an äiskal Temperature bei Sonn a bloem Himmel.
Vun Ufank u waren et zwee Toyota-Piloten, déi gewisen hunn, dass si de Speed hunn, fir ze gewannen. Et waren dat den Elfyn Evans an den Takamoto Katsuta. Mat un der Spëtzt waren awer och den Ott Tänak an den Adrien Fourmaux op Hyundai.
De Fourmaux huet sech selwer ëm de Kampf ëm d'Victoire bruecht, nodeems en um Depart vun der 12. Speciale vergiess hat säin Helm zouzemaachen an dunn iwwer 20 Sekonne verluer huet, well en huet musse stoebleiwen, fir deen zouzemaachen.

© Jonathan NACKSTRAND / AFP
Direkt déi Speciale duerno ass hien du mat sengem Hyundai i20 an enger Schnéimauer gelant an huet éiweg gebraucht, fir do nees erauszekommen. Domadder war säi Rallye am Fong gelaf, an e konnt just um Sonndeg nach probéieren Extra-Punkten ze sammelen.
Den Ott Tänak dogéint hat Problemer mat sengem Auto. Et war Drock am Killsystem vu sengem Hyundai, wouduerch ëmmer nees Killflëssegkeet op der viischter Fënster gelant ass, wat en awer net mam Wischer konnt wechmaachen, well dat d'Fënster komplett verschmiert hätt. Doduerch war hien ofgelenkt a konnt net méi déi Topzäite fueren, huet awer awer bis zum Schluss ëm Plaz 3 gekämpft.
Um Sonndeg ass et nach emol immens spannend ginn, dat obwuel just 3 Specialle gefuer goufen. Op der 1. konnt de Katsuta sech d'Féierung huelen, an hat 4,5 Sekonne Virsprong op säin Teamkolleeg Evans.

© Jonathan NACKSTRAND / AFP
Den Tänak huet sech bis op 1,8 Sekonnen op säin Teamkolleg Neuville erugekämpft, am Kampf ëm Plaz 3.
Op der zweetleschter Speciale huet sech awer nees alles gedréint. Den Evans huet dem Katsuta d'Féierung nees ofgeholl, iwwerdeems den Neuville säi Virsrpong op den Tänak nees liicht vergréisse konnt.
Leader virun der leschter Special war den Evans, 3,7 Sekonne virum Katsuta. Neuville op Plaz 3 mat 7,4 Sekonne Réckstand op de Katsuta a just 3,3 Sekonne Virsprong op den Tänak.
Op der Powerstage huet den Elfyn Evans d'Nerve behalen an ass och hei d'Beschtzäit gefuer, nëmmen 0,1 Sekonne méi séier wéi de Katsuta an 0,8 Sekonne méi séier wéi den Thierry Neuville.

© Peo Möller / TT News Agency via AFP
Dat ass dann och gläichzäiteg de Schlusspodium vum Rallye.
1) Evans-Scott (Toyota GR Yaris Rally1)
2) Katsuta - Johnston (Toyota GR Yaris Rally1) + 3,8 Sekonnen
3) Neuville - Wydaeghe (Hyundai i20 N Rally1) + 11,9 Sekonnen
...
8) Munster - Louka (Ford Puma Rally) +4min08,6 Sekonnen
E Rallye ouni grouss Héichten oder Déifte fir de Lëtzebuerger Grégoire Munster
De Grégoire Munster an de Louis Louka hunn de ganze Weekend iwwer de Speed un der Spëtzt net konnte matgoen. Bis op eng eenzeg Ausnam op der 5. Speciale, wou se déi 6.-séierst Zäit gefuer sinn, virun Evans, Rovanperä a Fourmaux, respektiv der 15. Speciale, wou et och Plaz 6 war. Op all den anere Speciallen hu sech sech ëmmer tëscht de Plazen 8 an 10 opgehalen. Besonnesch um Mo louch dem jonke Lëtzebuerger déi 1. Speciale um Freideg de Moien, wou en 24,5 Sekonnen op d'Spëtzt leie gelooss huet, ma och 7 Sekonne méi lues war wéi säin Teamkolleeg Josh McErlean, dee seng 1. Saison um Ford Puma Rally1 fiert. Frou war en awer, dass en u sech e feelerfräie Rallye gefuer ass. En huet den Auto op der Streck gehalen, huet en néierens ofgewiergt oder hätt e Bremspunkt komplett verpasst. Deemno ass et par Rapport zu 2024 eng Verbesserung, well do war e just top Plaz 23 gelant.
Am Generalklassement hu se um Enn vun de Feeler vum Fourmaux, respektiv dem McErlean profitéiert, fir vu Plaz 10 op Plaz 8 no vir ze kommen.
Op der leschter Speciale vum Dag, der sougenannter "Powerstage", war et bis op e liichte Feeler op engem Bremspunkt nach emol eng gutt Leeschtung, mat engem verséinlechen Ofschloss vum Rallye Schweden 2025. Hie séchert sech mat senger 8. Plaz um Rallye Schweden 4 Punkte fir d'WM-Klassement.
Vu Schweden a Kenia
Méi grouss kéint den Ënnerscheed net sinn, wat den nächste Rallye ugeet. Da geet et nämlech vu Schweden eriwwer an de Kenia, wou vum 20. bis 23. Mäerz den 3.WM-Laf vun der Saison gefuer gëtt.