E Sonndeg ass zu Austin déi drëtt Manche vun der MotoGP-Saison gefuer ginn.

De Francesco Bagnaia huet e Sonndeg den Owend den US-GP zu Austin gewonnen a seng éischt Victoire an dëser Saison gefeiert. No engem Feeler vum Marc Marquez war et fir hien eng einsam Course un der Spëtzt. Als Zweeten ass den Alex Marquez ukomm, hie konnt sech de Fabio Di Giannantonio vum Leif halen. Fir de Spuenier ass et déi sechs zweet Plaz noeneen. Hien ass och elo fir d'éischte Kéier a senger Karriär de Leader am General.

De Marc Marquez hat e Samschdeg de Sprint gewonnen. E Sonndeg sollt et manner gutt lafen. An der néngter Ronn ass de Spuenier, deen deen Ament a Féierung louch, gefall. Fir hie war domadder d'Course gelaf.

Am Ufank vum US-GP war et zu chaoteschen Zeene komm. Sekonnen ier d'Piloten op d'Opwiemronn goe sollten, ass de Marquez vu senger Startpositioun fort an d'Boxegaass gelaf. D'Mechaniker hu seng Maschinn vum Grid ewechgeholl. Aner Pilote sinn dem Spuenier nogaangen. De Grond: No Reen am Virfeld vun der Course hat dëse plëtzlech opgehalen an d'Sonn war eraus komm. Vill Piloten op Reepneue wollten dofir nach séier op d'Maschinn mam Setup fir dréchent Wieder wiesselen. Dat huet fir chaotesch Zoustänn gesuergt an de Start ass ofgebrach ginn. Jidderee krut dunn Zäit, fir sech prett ze maachen, ier d'Course nei gestart ginn ass.

An der Moto2 huet den Jake Dixon bei naasse Konditiounen eng iwwerleeë Victoire gefeiert. Den Tony Arbolino ass op déi zweet Plaz gefuer an den Alonso Lopez huet de Podium komplettéiert. De WM-Leader Manuel Gonzalez huet sech verzockt bei de Pneuen. Mat senge Slicks ass hien net iwwer déi 22. Plaz erauskomm.

An der Moto3 huet de WM-Leader Jose Antonio Rueda gewonnen. No enger perfekter Course huet hie sech virum Joel Kelso an dem Matteo Bertelle behaapt.

Um RTL Play fannt Dir d'Coursse vun der MotoGP, der Moto2 an der Moto3 fir eng begrenzt Zäit am Replay.

D'Resultater vun de Courssen

MotoGP

1 F.  Bagnaia Ducati Lenovo Team 39:00.191
2 A.  Marquez BK8 Gresini Racing MotoGP +2.089
3 F.  Di Giannantonio Pertamina Enduro VR46 Racing Team +3.594
4 F.  Morbidelli Pertamina Enduro VR46 Racing Team +10.732
5 J.  Miller Prima Pramac Yamaha MotoGP +11.857

Moto2

1 J.  Dixon ELF Marc VDS Racing Team 37:24.220
2 T.  Arbolino BLU CRU Pramac Yamaha Moto2 +4.148
3 A.  Lopez Team HDR Heidrun +12.685
4 A.  Canet Fantic Racing LINO SONEGO +28.375
5 I.  Guevara BLU CRU Pramac Yamaha Moto2 +30.290

Moto3

1 J.  Rueda Red Bull KTM Ajo 31:23.456
2 J.  Kelso LEVELUP-MTA +2.399
3 M.  Bertelle LEVELUP-MTA +4.200
4 A.  Piqueras FRINSA - MT Helmets - MSI +5.345
5 M.  Quiles CFMOTO Valresa Aspar Team +5.522

De General

MotoGP

1 A.  Marquez BK8 Gresini Racing MotoGP 87
2 M.  Marquez Ducati Lenovo Team 86
3 F.  Bagnaia Ducati Lenovo Team 75
4 F.  Morbidelli Pertamina Enduro VR46 Racing Team 55
5 F.  Di Giannantonio Pertamina Enduro VR46 Racing Team 44

Moto2

1 J.  Dixon ELF Marc VDS Racing Team 59
2 A.  Canet Fantic Racing LINO SONEGO 46
3 M.  Gonzalez LIQUI MOLY Dynavolt Intact GP 45
4 A.  Lopez Team HDR Heidrun 30
5 T.  Arbolino BLU CRU Pramac Yamaha Moto2 28

Moto3

1 J.  Rueda Red Bull KTM Ajo 66
2 A.  Piqueras FRINSA - MT Helmets - MSI 42
3 A.  Fernandez Leopard Racing 40
4 M.  Bertelle LEVELUP-MTA 40
5 A.  Carpe Red Bull KTM Ajo 30