Duerch een techneschen Defekt vum Leader Fabio Quartararo konnt sech den Italiener un d'Spëtzt setzen an d'Course virum Johann Zarco a Marc Marquez wannen

E Sonndeg stoung bei der MotoGP de Grousse Präis vu Groussbritannien um Programm. Um Circuit zu Silverstone konnt sech um Enn den Marco Bezzecchi d'Victoire virum Johann Zarco an dem Marc Marquez sécheren. Ee battere Moment war et an der 4. Ronn ginn, wéi den Drëtten aus dem Generalklassement, de Francesco Bagnaia gefall ass an domadder d'Course fir den Italiener scho fréi eriwwer war. An der 12. Ronn hat et dann och nach de Fabio Quartararo erwëscht, deen zu deem Zäitpunkt op der 1. Plaz ënnerwee war. Wéinst engem technesche Problem huet de Fransous misse säi Moto op d'Säit stellen. Dovu profitéiert huet dann de Marco Bezzecchi, dee sech bis zum Schluss un der Spëtzt hale konnt.

An der Moto2 huet de Senna Agius seng éischt Course gewonnen. No enger spannender Schlussphas, wou sech déi fënnef Piloten un der Spëtzt näischt geschenkt hunn, konnt den Australier nach an der leschter Ronn zwou Positioune gutt maachen an d'Course virum Diogo Moreira an dem David Alonso op en Enn fueren. Fir de Manuel Gonzalez war et zu Silverstone no enger Chute scho fréi eriwwer, ma hie bleift awer weider knapp Leader am Generalklassement.

An der Moto3 gouf et dann nach e Succès fir de José Rueda virum Alvaro Carpe an dem Angel Piqueras, dee säi Virsprong un der Spëtzt vum Generalklassement domadder op 29 Punkten ausbaue kann.

Um RTL Play fannt Dir d'Coursse vun der MotoGP, der Moto2 an der Moto3 fir eng begrenzt Zäit am Replay.

D'Resultater vun de Courssen

MotoGP

1. M. Bezzecchi 38:16.037
2. J. Zarco +4,088
3. M. Marquez +5.929
4. F. Morbidelli +5.946
5. A. Marquez +6.024
6. P. Acosta +7.109
7. J. Miller +7.398
8. L. Marini +7.729
9. F. Aldeguer +8.584
10. F. Di Giannantonio +9.764

Moto2

1. S. Agius 35:26,390
2. D. Moreira +0,434
3. D. Alonso +0,498
4. A. Canet +0,518
5. I. Guevara +0,673
6.C. Vietti +2,820
7. F. Salac +3,437
8. J. Roberts +4,448
9. J. Dixon +4,565
M. Ramirez +4,683

Moto3

1. J. Rueda 02:09.449
2. A. Carpe +0.107
3. A. Piqueras +0.396
4. D. Almansa +0.517
5. J. Kelso +0.659
6. M. Quiles +0.701
7. L. Lunetta +0.809
8. D. Munoz +0.839
9. V. Perrone +0.947
10. D. Foggia +1.051

De General

MotoGP

1. M. Marquez 196
2. A. Marquez 172
3. F. Bagnaia 124
4. F. Morbidelli 98
5. J. Zarco 97
6. F. Di Giannantonio 87
7. M. Bezzecchi 69
8. F. Quartararo 59
9. P. Acosta 58
10. F. Aldeguer 55

Moto2

1. M. Gonzalez 111
2. A. Canet 108
3. J. Dixon 84
4. B. Baltus 73
5. D. Moreira 70
6. S. Agius 64
7. C. Vietti 52
8. M . Ramirez 47
9. A. Lopez 42
10. A. Arenas 42

Moto3

1. J. Rueda 116
2. A. Piqueras 87
3. J. Kelso 77
4. A. Fernandez 61
5. T. Furusato 58
6. A. Carpe 56
7. M. Bertelle 40
8. L. Lunetta 36
9. R. Yamanaka 34
10. D. Almansa 33