An engem Accident sinn 1955 bei de 24h vu Le Mans 84 Leit gestuerwen. Ofgebrach gouf awer net. Bis haut ass et déi schwéierst Tragedie am Motorsport.

Virun der Course

Well den Däitschen Hans Herrmann sech beim Training fir de Grousse Präis vu Monaco 1955 schwéier blesséiert huet, start a senger Plaz de Pierre Levegh. De Fransous ass zwar keen Ausnametalent, awer eng "valeur sûre" an de Sportsween. Mercedes-Benz vertraut him en 300 SLR un, op deem hie sech ofwiessele soll mam Amerikaner John Fitch. Nieft de Stuttgarter gehéieren d'Autoe vu Jaguar, Ferrari, Aston Martin a Maserati zu de Favoritten. Mat ronn 300.000 Spectateuren ass d'Course ongewéinlech gutt besicht. D'Haapttribün virun de Boxen ass iwwerfëllt, zum Deel sti Leit op Leederen oder op Konstruktiounen aus Brieder, fir de Spektakel ze suivéieren. Mat der Startnummer 20 geet de Pierre Levegh an d'Rennen.

RTL

© AFP

Den Accident

Keng dräi Stonnen nom Depart gëtt hien, op Plaz 6 ënnerwee, vun de Spëtzeleit iwwerronnt. De Mike Hawthorn op Jaguar an de Juan Manuel Fangio op Mercedes liwwere sech en enken Duell ëm d'Plaz 1. Um Enn vun der 35. Ronn fiert de Levegh tëscht deenen 2, wéi den Hawthorn op den Englänner Lance Macklin opleeft. De Jaguar-Pilot wëllt dësen nach just viru sengem geplangte Boxestopp iwwerhuelen. Dofir zitt hien no deem Manöver rëm schaarf virum iwwerronnte Konkurrent eran an duerno nach emol staark no riets, fir op de leschte Stëppel ofzebremsen, fir bei senger Box un d'Halen ze kommen. De Macklin muss doropshin och bremsen an no lénks auswäichen, a gesäit net, dass vun hanne Fangio a Levegh mat grousser Vitess opschléissen. De franséische Mercedes-Pilot huet kaum Zäit fir ze reagéieren an touchéiert bei vollem Tempo dem Englänner säin Austin-Healey 100.

Den 300 SLR hieft of, schléit no lénks op e klengen Hiwwel op, deen d'Zuschauer schütze soll, an iwwerschléit sech op ronn 80 Meter. Stécker vum Auto, dorënner Deeler vun der Karosserie, de Motor, de Küler an déi viischt Achs, fléien an d'Spectateuren. Den Tank platzt an duerch de Bensinn deen ausgelaf ass, geréit déi ganz Onglécksplaz a Brand. Den Auto kann net geläscht ginn, well seng Karosserie aus Magnesium besteet. D'Läschversich mat Waasser verstäerke just nach de Brand - de Won wäert Stonnen duerno nach net geläscht sinn.

84 Leit komme bei dësem Accident ëm d'Liewen. De Levegh, deen aus sengem Auto geschleidert gouf, stierft nach op der Plaz u senge Blessuren. Dem Macklin säin Austin kritt riets vun der Streck 4 Leit ze paken a gëtt duerno op déi lénks Säit geschleidert. Hien iwwerlieft. De Fangio kann d'Ongléck sou just evitéieren, säi Mercedes sträift dem Hawthorn säi Jaguar.

D'Course gëtt net ënnerbrach

Fir eng Panik z'evitéieren a fir d'Weeër vun de Rettungsekippe fräi ze behalen, gëtt weidergefuer, heescht et an der offizieller Begrënnung. Och de Mike Hawthorn, deen den Accident ausgeléist hat, mécht rëm bei der Course mat. Um Enn gewënnt den Englänner souguer zesumme mat sengem Teamkomerod Ivor Bueb. Obschonn Mercedes ugefrot hat, zéie Jaguar hir Autoen net zréck, well si sech net fir de Crash responsabel fillen. Op eng Feier no der Course gëtt awer verzicht. Am Géigesaz dozou gëtt wärend dem Rennen owes spéit zu Stuttgart decidéiert, nodeems d'Afferzuele bekannt ginn, dass Mercedes-Benz hir Autoen aus der Course huelen an apaken. Zu deem Zäitpunkt leie si mat enger Ronn Virsprong op Jaguar un der Spëtzt. Firwat de spéidere Formel-1-Weltmeeschter Hawthorn eigentlech nach onbedéngt viru sengem Stopp de Macklin iwwerhuele wollt, ass bis haut onkloer. Hien huet sech dozou ni erkläert.

RTL

© AFP

D'Suitten

Eng offiziell Enquête kënnt zum Resultat, dass Jaguar net fir den Accident responsabel wier, well et e "racing incident" war. Datt 84 Persounen ëm d'Liewe koumen an der ronn 200 blesséiert goufen, wier op den Zoustand vum Circuit an op déi schlecht Sécherheetsvirkéierungen zréckzeféieren. A Frankräich, Däitschland, Spuenien an an der Schwäiz ginn no der, bis haut schwéierster Katastroph am Motorsport, Eventer ofgesot oder verbueden. D'Verbuet an der Schwäiz ass eréischt 2022 opgehuewe ginn. Mercedes gewënnt déi zwou weider Coursse vum Joer, gewënnt d'Weltmeeschterschaft vun de Konstrukteuren, an zitt sech um Enn vun der Saison zréck. Iertemlecherweis gëtt ugeholl, et wier wéinst der Tragedie vu Le Mans gewiescht - a Wierklechkeet haten déi Stuttgarter awer schonn am Fréijoer 1955 déi Decisioun getraff.

Comeback vun de "Silberpfeilen"

Fir déi éischte Kéier zanter dem fatale Crash vun 1955 ass Mercedes-Benz 1989 erëm un den Depart gaange mam Sauber-Mercedes C9. Highlight war deemools déi ikonesch "Silberpfeil"-Lackéierung. No 3 schwéieren Accidenter bei der Editioun vun 1999, bei deenen d'Mercedes-Sportsween opgrond vun enger kriddeleger Aerodynamik ofgehuewe waren, hate sech déi Stuttgarter erëm zréckgezunn.

De Weekend vum 14. a 15. Juni ginn d'24 Stonne vu Le Mans 2025 gefuer an do ass et dann erëm de Retour vun der Mark mam Stär. An der GT3-Kategorie geet d'Iron Lynx-Ecurie mat 3 Mercedes-AMG un den Depart, déi mat hirer sëlwergroer Lackéierung un al Zäiten erënnere sollen.

RTL

© JEAN-FRANCOIS MONIER / AFP