Lëtzebuerger NowuesstalentChester Kieffer am Talent Pool vun Porsche

Tom Hoffmann
Haut an 3 Wochen geet dem Chester Kieffer seng Saison un. Zu Imola an Italien ginn dann déi éischten Coursen vum Porsche Carrera Cup Däitschland gefuer. Nodeems den 19 joer jonken Pilot läscht Saison am Porsche Carrera Cup Frankräich d’Rookie-Championnat gewannen konnt, kann hien sech demnächst mat deenen beschten Porsche Cup Piloten moosen.
De Chester Kieffer ass ouni Zweifel e grousst Nowuesstalent
De Lëtzebuerger wäert an der neier Saison um Porsche Carrera Cup Däitschland an um Porsche Super Cup um Depart stoen.

Läscht Saison huet den 19 Joer jonken Lëtzebuerger am franséischen Championnat 10 vun 12 Coursen als Rookie gewonnen. Wéinst dësen gudden Leeschtungen huet den Chester Kieffer et elo an den Talent Pool vum Porsche Sports Cup Däitschland gepackt. Nëmmen 8 Piloten ginn pro Joer an dësen Förderprogramm opgeholl wou Sie perfekt encadréiert ginn. Sie kënnen ënnert anerem vum Coaching vum fréiere Porsche-Wierkspilot profitéieren, kréien diverse Workshopen an Medientraining proposéiert an nach vill aner Saachen. Dat ënnersträicht nachemol Potential vum Chester Kieffer. Net nëmmen un en néit Championnat an un néi Circuiten muss sech den Pilot vun Schumacher CLRT gewinnen mee och un en néien Auto.

“Also natierlech dee gréisste Changement, dee mer elo hunn, ass den ABS, wat mer d’ lescht Joer net haten. Dat heescht, op de Bremsen ass et e bëssen anescht wéi d’ lescht Joer. Mir hunn och e bëssen méi Aéro, dat heescht e bësse méi Louveren, en anere Frontsplitter fir, och méi Entrées d’Airen hei um Capot. An dat mëscht dann d’ Differenz schonn um Fuersstil an och wéi den Auto sech verhällt op der Streck.”

Déi Ännerungen mierken Piloten och beim fueren. Sie hunn wesentlech méi Grip. Den Chester Kieffer an och d’Ekipp befënnt sech aktuell awer nach an engem Léierprozess.

“All Dag, all Session léieren ech eppes bäi, wat ech da kann ëmsetzen an der nächster Session an et wäert ëmmer sou sinn. Dat heescht, du wäerts ni e perfekte Fuerstil fir den Auto hunn, mee et muss ëmmer bäiléieren.”

Bäiléieren ass e gutt Stéchwuert. Well nieft him an der Garage steet den Flynt Schuring. Eng Referenz am Porsche Cup. Den Hollänner huet läscht Saison 3 Coursen am Carrera Cup Däitschland gewannen. Och wann deen éischten Géigner dacks aus der eegener Garage kënnt, schaffen Teamkollegen hei awer net individuell.

“Nee, nee, also mir schaffe schonn zesummen, wa mir d’ Date kucken an alles, wou ee sech nach kann verbesseren an e puer Zenktel gewanne goen op der Streck. Dat heescht, mir hunn scho ganz vill Austausch no de Sessions.”

Nieft dem Porsche Carrera Cup Däitschland geet den Chester Kieffer dës Saison och am Porsche Supercup un den Depart, deen eng grouss Opmierksamkeet huet. Coursen ginn nämlech am Kader vun engem Formel 1 Weekend gefuer. Net nëmmen dowéinst hunn dës Coursen fir déi jonk Piloten en héijen Stellewäert ma och well sech hei d’Elite vun den Porsche Championnater trëfft. Den Optakt ass e Circuit ob deen een net trainéieren kann. An zwar, zu Monaco.

“Et gi keng Méiglechkeeten ausser op Simulator se ze fueren, mee a Wierklechkeet hues de keng Méiglechkeet sou ee spezifesche Circuit ze fueren. An dat heescht, och am Supercup hu mer just eng Practice Session an dann no der Practice Session geet et direkt an d’ Quali. Dat heescht, do ass nach net vill Zäit fir ze debriefen. Du kënns do un, muss direkt fueren. Nervös sinn ech lo net, mee ech si ganz opgereegt fir endlech do kënnen ze fueren.”

Wéi den Chester Keefer sech am Porsche Carrera Cup Däitschland aus der Affär zitt kënnt dir bei eis op rtl .lu noliesen an de Supercup, deen iwwerdroe mer live.

Back to Top
CIM LOGO