Gebuertsdagskanner um HaffDe Grand-Duc Henri feiert seng 71

RTL Lëtzebuerg
De 16. Abrëll ginn et um groussherzoglechen Haff direkt zwee Grënn, fir ze feieren: De Grand-Duc Henri an de Prënz Sébastien hunn op deem Dag Gebuertsdag.
© Emile Mentz

De Grand-Duc Henri feiert dëst Joer säin 71. Gebuertsdag. Hie koum de 16. Abrëll 1955 um Schlass Betzder als eelste Jong vun der deemools ierfgroussherzoglecher Koppel, dem Jean an der Joséphine-Charlotte vu Lëtzebuerg, op d’Welt. Vum 7. Oktober 2000 u bis den 3. Oktober 2025 war den Henri Albert Gabriel Félix Marie Guillaume vu Lëtzebuerg als Groussherzog de Staatschef vum Lëtzebuerger Land.

Ma net just dat, well no der Kréinung krut hien den Titel “Groussherzog vu Lëtzebuerg, Herzog vun Nassau, Grof vu Sayn, Königstein, Katzenelnbogen an Diez, Buerggrof vun Hammerstein, Här vu Mahlberg, Wiesbaden, Idstein, Merenberg, Limburg an Eppstein”.

E Portrait fir de 70. Gebuertsdag vum Grand-Duc Henri aus dem leschte Joer.
De 16. Abrëll ginn et um groussherzoglechen Haff direkt zwee Grënn, fir ze feieren: De Grand-Duc Henri an de Prënz Sébastien hunn op deem Dag Gebuertsdag.

Et ass deen éischte Gebuertsdag, deen de Grand-Duc Henri feiert, zanterdeem säi Fils Guillaume d’Geschécker vum Land leet. Den 3. Oktober 2025 huet hien ofgedankt.

De Grand-Duc Henri huet fënnef Kanner:

  • Prënz Guillaume (1981) – de momentane Lëtzebuerger Grand-Duc
  • Prënz Félix (1984),
  • Prënz Louis (1986),
  • Prinzessin Alexandra (1991)
  • Prënz Sébastien (1992)

Esou wéi siwen Enkelen an zwou Enkelinnen

  • Prënz Charles (gebuer den 10. Mai 2020) a Prënz François (gebuer de 27. Mäerz 2023)
  • Prinzessin Amalia (gebuer de 15. Juni 2014), Prënz Liam (gebuer de 28. November 2016) an de Prënz Balthazar (gebuer de 7. Januar 2024)
  • Prënz Gabriel (gebuer den 12. Mäerz 2006) a Prënz Noah (gebuer den 21. September 2007)
  • Victoire (gebuer de 14. Mee 2024) an Hélie (gebuer de 17. Oktober 2025)
Zwee Gebuertsdeeg um Haff
Wärend de Grand-Duc Henri der 71 feiert, kritt säi jéngste Fils Sébastien der haut 34.

Weidere Gebuertsdag: Och de Prënz Sébastien dierf d’Käerzen um Kuch ausblosen

Dat zweet Gebuertsdagskand um Haff ass de Prënz Sébastien, de jéngste Fils vum Grand-Duch Henri a senger Fra Maria Teresa. Hie feiert dëst Joer säi 34. Gebuertsdag.

Son Altesse Royale le Prince Sébastien, Henri, Marie, Guillaume, Prince de Luxembourg, Prince de Nassau et de Bourbon-Parme”, wéi de Prënz mat sengem ganzen Numm heescht, huet de 16. Abrëll 1992 an der Maternité Grande-Duchesse Charlotte zu Lëtzebuerg d’Liicht vun der Welt erbléckst.

Back to Top
CIM LOGO