E Sonndeg den Owend stoung zu Austin de Grousse Präis vun den USA an der MotoGP um Programm. Wéi och schonn a Brasilien huet Aprilia op en Neits de Circuit dominéiert an eng Duebelvictoire gefeiert. No 20 Ronne war um Enn de Marco Bezzecchi mat gutt zwou Sekonnen Ecart viru sengem Teamkolleeg Jorge Martin iwwert d’Arrivée gefuer. Déi drëtt Plaz um Podium war fir de Pedro Acosta vu Red Bull. De Marco Bezzecchi iwwerhëlt duerch dës Victoire och nees d’Féierung am Generalklassement a steet do elo véier Punkte viru sengem Teamkolleeg.
An der Moto2 huet sech de Senna Agius d’Victoire knapp virum Celestino Vietti an dem Izan Guevara geholl, déi allebéid op der Arrivée ënnert enger Sekonn hannert dem Australier waren. Am General steet de Manuel Gonzalez mat 39.5 Punkte op der éischter Plaz, dat virum Guevara (36 Punkten) an Holgado (33).
Nach méi knapp war et an der Moto3, wou de Guido Pini sech mat engem Ecart vun 0.056 Sekonnen virum Maximo Quiles behaapte konnt. 0.254 Sekonnen hannendrun ass den Alvaro Carpe nach op déi drëtt Podiumsplaz gefuer. Am General bleift de Quiles weider de Leader, dat mat elo 65 Punkten an engem relativ komfortabele Virsprong vun 23 Punkten op de Carpe als Zweete mat 42 Punkten. Mat 38 Punkten ass de Valentin Perrone den Drëtten.
1 M. BEZZECCHI 40:50.653
2 J. MARTIN +2.036
3 P. ACOSTA +4.497
4 F. Di Giannantonio +6.972
5. M. MARQUEZ +8.100
6 E. BASTIANINI 8.243
7 A. MARQUEZ +11.253
8 R. FERNANDEZ +13.129
9 L. MARINI +14.471
10 F. BAGNAIA +14.544
1 S. AGIUS 21:10.744
2 C. VIETTI +0.497
3 I. GUEVARA + 0.908
4 D. ALONSO +1.843
5 M. GONZALEZ +2.729
6 B. BALTUS +3.251
7 A. LOPEZ +5.003
8 A. ESCRIG +6.830
9 J. ROBERTS +7.761
10 T. ARBOLINO +8.740
1 G. PINI 31:20.489
2 M. QUILES +0.056
3 A. CARPE +0.254
4 V. PERRONE +0.445
5 A. FERNANDEZ +9.192
6 R. SALMELA +15.075
7 B. URIARTE +15.105
8 A. CRUCES +14.914
9 M. BERTELLE +15.240
10 S. OGDEN +15.570
1 M. BEZZECCHI 81
2 J. MARTIN 77
3 P. ACOSTA 60
4 F. DI GIANNANTONIO 50
5 M. MARQUEZ 45
6 R. FERNANDEZ 40
7 A. OGURA 37
8 A. MARQUEZ 28
9 F. BAGNAIA 25
10 L. MARINI 23
1 M. GONZALEZ 39.5
2 I. GUEVARA 36
3 D. HOLGADO 33
4 C. VIETTI 32
5 D. MUNOZ 26
6 S. AGIUS 25
7 D. ALONSO 24
8 A. ESCRIG 23
9 A. LOPEZ 18.5
10 I. ORTOLA 17.5
1 M. QUILES 65
2 A. CARPE 42
3 V. PERRONE 38
4 G. PINI 36
5 M. MORELLI 32
6 A. FERNANDEZ 29
7 V. PRATAMA 27
8 D. ALMANSA 25
9 B. URIARTE 23
10 R. SALMELA 20