
Iwwer 1.100 Persoune goufen 2024 als vermësst gemellt. Dat geet aus de leschten Zuele vum Parquet ervir. 2020 waren et der nach knapp iwwer 430. D’Vermësstemeldungen huelen also däitlech zou. Mee bannent der Police géingen déi “einfach” Fäll dacks am Sand verlafen. Dat seet eng anonym Source aus der Police, déi d’Redaktioun no eisem Faktencheck iwwer d’Vermësstemeldunge kontaktéiert huet. Mir hunn eis mat der Persoun getraff.
“Et verleeft am Sand, well de System et net erlaabt, eng richteg Enquête ze maachen”, esou eng Source bei der Police
All Fall gëtt ganz individuell gekuckt, dat confirméiert och eis Source. Bei erwuessene Persoune gëtt haaptsächlech ënnerscheet, ob et sech ëm eng sougenannt “disparition inquiétante” handelt oder net. Dozou hat de Parquet an enger Presseufro matgedeelt, dass d’Ëmstënn eng Roll spillen, ënnert deenen d’Persoun verschwonnen ass, esou wéi och de Gesondheetszoustand, zum Beispill ob si “dréngend op Medikamenter oder op eng permanent Betreiung ugewisen” ass. An esou Fäll ginn et verschidde Méiglechkeeten, déi Dir och an eisem Faktencheck kënnt noliesen.
Gëllt de Fall awer net als “disparition inquiétante”, da géing d’Sich séier am Sand verlafen, esou eis Quell. D’Vermësstemeldung gëtt natierlech opgeholl, dofir gëtt et och e Formulaire, dee muss ausgefëllt ginn, an da kënnt d’Meldung an den Intranet an de Beamten oder d’Beamtin këmmert sech ëm éischt Schrëtt, fir no der vermësster Persoun ze sichen. Zum Beispill d’Klinicken uruffen oder heem schelle goen. Déi Aufgab iwwerhuele weiderhin d’Beamten, déi deen Ament Schicht hunn. Eis Source bedauert dowéinst: “Wann dat owes oder nuets ass, da sinn d’Moyene séier fäerdeg. Et ass net d’Schold vum Beamten, mee en huet net wierklech d’Méiglechkeeten.”
Wann dann d’Fréischicht d’Relève iwwerhëlt, géing nach versicht ginn, der Vermësstemeldung nozegoen, mee dacks kéint et och sinn, dass aner Saachen dertëscht kommen, en Asaz wéinst enger Messerpickerei oder en Abroch, fir just e puer Beispiller ze nennen. Mat der nächster Schicht huet sech déi aktiv Sich da meeschtens schonn erleedegt, einfach well de System et net hiergëtt.
Eng Persoun, déi op de Policebüro geet an e Familljemember, e Frënd oder eng Aarbechtskolleegin als vermësst mellt, géing dat net liichtfankeg maachen, si géif sech Suerge maachen, gëtt eis Source am Interview nach ze bedenken. Dacks géingen déi Leit duerno reegelméisseg uruffen an nofroen. Wann d’Beamtin oder de Beamten, deen de Fall opgeholl huet, fräi huet oder op engem Asaz ass, wéissten d’Aarbechtskolleegen dacks net, wat de leschte Stand ass. Wéi aktiv gesicht gëtt, géing dann och vill vum jeeweilege Beamten ofhänken respektiv vun aneren Aufgaben, déi an den Deeg no der Vermësstemeldung ustinn. Den Dossier géing dann och net clôturéiert ginn, esoulaang déi vermësste Persoun net fonnt gëtt. Fir Famillje wier et dann och schwéier ofzeschléissen. Um Site vun der Police fënnt een effektiv nach eng Vermësstemeldung vun engem jonken Här, deen zanter Dezember 2010 vermësst gëtt.
Eng designéiert Sektioun, déi sech zentraliséiert bannent der Police ëm d’Vermësstemeldunge këmmert, déi also d’Zäit an d’Moyenen huet, fir eng aktiv Enquête ze maachen, wier néideg, fir de ville Vermësstemeldunge gerecht ze ginn, fënnt eis Source. “Fir vill Beamte besteet dréngenden Handlungsbedarf”, besonnesch well d’Zuel vun de Vermësstemeldungen an de leschte Jore geklommen ass, net nëmme bei de Mannerjäregen.
E Problem wier och, dass et keng Statistike gëtt, déi weisen, wéi vill Leit als vermësst gemellt goufen a wéi vill dovunner erëmfonnt goufen. Dowéinst kann zum Beispill och net gesot ginn, wéi vill Persounen, déi net als “disparition inquiétante” traitéiert goufen, net vläicht awer suizidär Gedanken haten an dann no enger Zäit dout fonnt ginn.
Leit, déi suizidär Gedanken hunn, kënnen Hëllef bei SOS Détresse um Telefon 45 45 45 kréien. All Informatioune fënnt een op www.prevention-suicide.lu