Um Sepang International Circuit stoung den Dylan Pereira an deenen 3 Courssen allkéiers ganz uewen um Podium.

A Malaysia, um Sepang International Circuit, sinn d’Manchë 5-7 vun der Porsche-Carrera-Cup-Asia-Saison gefuer ginn. Schonn am Qualifying huet de Lëtzebuerger gewisen, dass him dëse Circuit läit. Den Dylan Pereira huet et nämlech fäerdegbruecht, sech d’Pole Position fir all 3 Courssen ze sécheren.
 
Déi Positioun sollt hien an der éischter Manche vum Weekend dann och verdeedegen. D’Avance op den Zweetplacéierten, den Neiséilänner Marco Giltrap, konnt de Pereira Tour fir Tour ausbauen, fir no 13 Ronnen, mat der séierster Ronn vun der Course, als Gewënner iwwert de wäisse Stréch ze fueren. Drëtte gouf den Dylan Yip aus Hongkong. Den Zweeten am Generalklassement an domat gréisste Konkurrent vum Pereira, den Italiener Enzo Trulli, huet an dëser Course Punkten hänke gelooss an ass als Zéngten ukomm.
 
An der zweeter Manche sollt et de Fils vum fréiere Formel-1-Pilot Jarno Trulli awer besser maachen. A sengem Porsche 911 GT3 Cup Auto ass hien als Drëtten op de Podium gefuer, mee géint den Dylan Pereria sollt hie keng Chance hunn. De Pilot vun der Ecurie Team Shanghai Yonda BWT konnt, wéi och schonn an der éischter Course, d’Victoire feieren inklusiv de Bonuspunkt fir déi séierst Ronn sammelen. Zweete gouf nees de Marco Giltrap aus Neiséiland.

Och an der leschter Course huet den Dylan Pereira d'Konkurrenz deklasséiert. No 19 Ronne fiert hie mat enger Avance vun 21 Sekonnen op säi Konkurrent Enzo Trulli als Gewënner iwwert d’Arrivée. Déi zweet Positioun huet den Italiener awer um Schluss nach misse géint den Dylan Yip aus Hongkong verdeedegen.
 
E perfekte Weekend also fir den Dylan Pereira, deen de Maximum u Punkten zu Sepang gesammelt huet. Dat bedeit, dass de Lëtzebuerger am Generalklassement vum Porsche Carrera Cup Asia elo mat enger komfortabeler Avance vun 73 Punkten op der éischter Plaz vum Klassement steet. Zweeten ass aktuell den Italiener Enzo Trulli an op der drëtter Platz, mat engem Ecart vun 79 Punkten op de Pereira, klasséiert sech den Hugo Ellis aus Groussbritannien. De Lëtzebuerger war no dësem Weekend natierlech deck zefridden: "Et war de ganze Weekend, wéinst den héijen Temperaturen, zimmlech waarm am Auto an och ustrengend. Dës Kéier hunn ech bis zum Schluss gepusht. Natierlech ass et schéin, sou e perfekte Weekend ze hunn, all méiglech Punkten ze sammelen an elo eng komfortabel Avance an der Meeschterschaft ze hunn. Mee et däerf een ni vergiessen, datt d'Saache sech ganz séier ännere kënnen, dofir musse mir weider konsequent schaffen."
 
Am Porsche Carrera Cup Asia geet et an engem gudde Mount weider. Da ginn déi nächst Courssen, Ufank Juli, um Bangsaen Street Circuit an Thailand gefuer.