Zu Mandalika an Indonesien kéint sech den Dylan Pereira Enn August de Championstitel am Porsche Carrera Cup Asia sécheren.

“Ech hätt net domat gerechent, dass meng Saison esou verleeft”, sot den Dylan Pereira am RTL-Interview. Aacht Victoiren hannerenee konnt de Pilot vum Team Shanghai Yonda BWT feieren an huet elo 100 Punkten Avance am General op deen Zweeten Enzo Trulli. “Dat weist, wéi gutt mir grad zesummeschaffen. En plus, Changementer, déi mir vun der leschter Saison op dës gemaach hunn, dréit elo seng Friichten. Wann e kuckt wéi dacks mir déi séierst Ronn fueren an och Streckerekorder knacken. Dofir e Merci un d'Team, dass si esou e gudden Job maachen”.
 
Den Dylan Pereira schwätzt iwwert den Highlight vu senger Saison. Dat war Course zu Bangsaen. Um Stroossecircuit an Thailand.

Dylan Pereira iwwert seng Course zu Bangsaen
Mam Ree war et net einfach, déi Course ze gewannen.

Just e puer Punkte feelen nach, fir de Championstitel am Porsche Carrera Cup Asia ze feieren. Vum 22. bis de 24. August gëtt déi zweetleschte Manche vun dëser Saison gefuer. Um Mandalika International Circuit an Indonesien kéint de Lëtzebuerger sech an der éischter Course vum Weekend schonn den Titel sécheren.

Zwou 24-Stonne-Courssen hannereneen

Net nëmmen am Porsche Carrera Cup Asia war den Dylan Pereira ënnerwee, mee och um Nürburgring. Bei der 24-Stonne-Course stoung nieft dem Pereira mam Carlos Rivas e weidere Lëtzebuerger ganz uewen um Podium. D’Ekipp gouf vun deenen zwee däitsche Piloten Tobias Müller an Noah Nagelsdiek ugeféiert.

Dylan Pereira iwwert d'24 Stonnen um Nürburgring
Nom Nürburgring goung et direkt weider Richtung Spa-Francorchamps wou déi nächste 24 Stonne Course op den Dylan Pereira gewaart huet.

“Et ass déi zweetgréisste Klass, déi mir gewonnen hunn. Ech war einfach nëmme frou, dass mir dat gepackt hunn. No zwou Participatiounen, wou mir ëmmer ob déi zweete Plaz komm sinn, war et scho flott, endlech d'Victoire kënnen ze realiséieren”, sou den Dylan Pereira weider.
 
Vill geschlof huet de fréiere Porsche-Supercup-Champion awer net. “Um 3 Auer moies war mäi Stint fäerdeg a sinn du schlofe gaangen. Méi wéi annerhallef Stonn hunn ech net geschlof, well duerno war et schonn nees u mir. Mee dat ass normal bei enger 24-Stonne-Course, dass een do net vill schléift.”
 
Domat net genuch. Nom Nürburgring goung et direkt weider Richtung Spa-Francorchamps, wou déi nächste 24-Stonne-Course op den Dylan Pereira gewaart huet. Et ass net evident, an esou enger kuerzer Zäit déi Ëmstellung hinzekréien.

Dylan Pereira iwwert Ëmstellungen
Nom Nürburgring goung et direkt weider Richtung Spa-Francorchamps. Et ass net evident an esou enger kuerzer Zäit déi Ëmstellung hinzekréien.

Zu Spa-Francorchamps konnt de Lëtzebuerger awer kee Podium feieren. Wéinst engem Schued um Auto huet seng Ekipp d’Arrivée net gesinn.