Plaz 2 an der Klass a Plaz 7 am General fir Carlos Rivas a Co

© 48Losch Motorsport by BLACK FALCON
De Weekend stoung déi 6. Manche vun der NLS um Nürburgring um Program. Sechs Stonne sollte gefuer ginn, um Enn waren et der awer just véier an eng hallef.
107 Autoen sinn un den Depart gaange vum 6. Laf vun der NLS-Saison. De Qualifying war fir d'Lëtzebuerger Team 48Losch Motorsport by BLACK FALCON méi wéi e Succès. D'Porsche mat de Startnummeren #48 an #948 hu sech nämlech d'Startplazen 2 an 3 am General geséchert, wouduerch se direkt hannerteneen an d'Course starte konnten.
Dee Start war eigentlech fir e Samschdeg um 12 Auer geplangt, ma d'Äifel-Wieder hat do e Wiertche matzeschwätzen. Wéinst dem staarken Niwwel konnt net pénktlech ugefaange ginn. Eréischt um 14 Auer gouf d'Course offiziell lancéiert an um Enn goufe 4,5 Stonne gefuer.
Dat ass nach ëmmer duergaangen, fir spannend Renn-Action ze liwweren.

© 48Losch Motorsport by BLACK FALCON
Um Porsche 911 GT3 Cup mat der Startnummer #948 sinn nieft dem Lëtzebuerger Carlos Rivas och nees den Tobias Müller an den Noah Nagelsdiek gefuer. Si waren am Qualifying op déi ganz staark 3. Plaz gefuer, wat och gläichzäiteg d'Pole Position an der Porsche Endurance Trophy Nürburgring war. Déi Positioun konnte se iwwert déi 4,5 Stonnen allerdéngs net halen. Um Enn konnt se sech awer nach iwwert eng gutt zweet Plaz an der PETN freeën, grad ewéi iwwer Plaz 7 am Generalklassement, dat bei 94, déi ukomm sinn. Dobäi koum och nach déi séierst gezäite Ronn, wat fir d'Potential vum Auto an de Pilote schwätzt.

Carlos Rivas / © 48Losch Motorsport by BLACK FALCON
Gewonne gouf d'PETN-Klass vum Auto mat der Startnummer #921 vu Mühlner Motorsport. Et ass hir 4. Victoire an der 4. Course.
Um Porsche 911 GT3 R (#48), deemno dem grousse Brudder vum Cup-Auto, si mat Arrow (Holland), Kaya (Tierkei), Piana (Schwäiz) a Stursberg (Däitschland) véier international Pilote gestart. Si hunn de Schlusspodium ganz knapp verpasst a kommen op Plaz 4 am Generalklassement. An hirer Klass war et dofir awer d'Victoire.
PETN-Klassement no 4 vun 8 Courssen
An der Porsche Endurance Trophy Nürburging ka Mühlner Motorsport (#921) seng Féierung ausbauen an huet elo 92 Punkten no 4 Leef.
Op Plaz 2 kënnt dann d'Lëtzebuerger Team 48Losch Motorsport by BLACK FALCON (#948) mat 80,5 Punkten.
Plaz 3 ass fir BLACK FALCON Team ZIMMERMANN mat 54 Punkten.
No der Hallschent vun der Saison leeft et aktuell deemno perfekt fir d'Ekipp am Auto mat der Nummer 921. Ma et bleiwe jo ëmmer nach 4 Courssen ze fueren, deemno ass nach alles op.